RezensiounDen Éischte Weltkrich an der lëtzebuergescher Lokalgeschicht

Rezensioun / Den Éischte Weltkrich an der lëtzebuergescher Lokalgeschicht
Däitsch Truppen am Joer 1918 um Fëschmaart  Foto: Photothèque VDL/Marcel Schroeder

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Den Éischte Weltkrich gouf laang Zäit an der lëtzebuergescher Geschichtsschreiwung vernoléissegt. Mam Centenaire vum Krichsausbroch ass awer och hei am Land den Interessi gewuess. Eng ganz Rei Bicher sinn an deene leschte Joren zu Lëtzebuerg publizéiert ginn – dorënner och lokalgeschichtlech Etüden. Dräi rezent Publikatioune werfe Liicht op d’Effekter vum Grousse Krich an dräi lëtzebuergesche Stied.

Ganz op Diddeleng fokusséiert sech den zéngte Band vun der Serie „Mutation“, déi vun der „Fondation Bassin minier“ publizéiert gëtt. Dobäi ass déi geografesch an zäitlech Agrenzung net sou strikt anzehalen. D’Buch weit de Bléck geleeëntlech op déi gesamt Minettregioun aus a wot souguer de Sprong iwwert d’Grenz, fir eng transnational Geschicht vum Éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg ze schreiwen. D’Schicksal vun Diddelenger Awunner, déi wéinst hirer Nationalitéit a Frankräich zwangsinhaftéiert goufen oder trotz hirer Nationalitéit fräiwëlleg fir Frankräich an de Krich gezu sinn, gi genausou beliicht ewéi d’Schicksal vun auslännesche Krichsverletzter, déi zu Diddeleng an de Lazarette soignéiert oder um Kierfecht bäigeluecht goufen. Eng Panoplie un Theme ginn an dëser mikrohistorescher Etüd behandelt – dat geet vu Konscht a Literatur iwwert Demografie a Migratioun bis hin zur Industrie- a Sozialgeschicht. Dobäi geléngt et de Chercheuren, déi sech un dëser Publikatioun bedeelegt hunn, ee koherent Gesamtwierk ze schafen, an deem all Bäitrag vun héichwäerteger Qualitéit ass an nei Erkenntnisser liwwert.

Fehl am Platz

Eng zweet Publikatioun, déi den Éischte Weltkrich aus engem lokale Point de vue beliicht, ass den Ausstellungskatalog mam Titel „Endlech Fridden? Miersch an den Éischte Weltkrich“, erausgi vun de Mierscher Geschichtsfrënn. De Qualitéitsënnerscheed mam éischte Buch ass erkennbar. Dat läit dorunner, dass de Mierscher Ausstellungskatalog net vu professionelle Geschichtswëssenschaftler geschriwwe ginn ass, mee vu passionéierten Hobbyhistoriker, déi mat méi bescheidene finanzielle Moyene schaffen an deene virun allem dru läit, d’Geschicht vun hirer Heemecht opzeschaffen. Ee gudden Drëttel vum Buch handelt awer net vu Miersch, mee liwwert allgemeng Informatiounen iwwert international Entwécklunge wärend deene véier Krichsjoren.

Obschonn d’Texter duerchaus interessant sinn a sech op déi rezent Fuerschungsliteratur bezéien, si se an dëser Publikatioun e bësse fehl am Platz, well se iwwert dat eigentlecht Thema vum Buch erausschéissen. Déi ëmfangräich Chronologie an der Aleedung vum Buch wier duergaangen, fir den historesche Kader ze setzen. D’Stäerkt vum Buch läit awer an de ville bis ewell onverëffentlechte Fotoe vun der däitscher Besatzung zu Miersch an och vun der spéiderer Presenz vun den amerikaneschen Zaldoten. Innovativ an immens opschlossräich sinn och déi begleedend Texter – besonnesch déi kuerz Biografië vu méi oder manner bekannte Lëtzebuerger, wéi den Zaldote Jean-Baptiste Bentz a Perry Daubenfeld, déi alle béid an der amerikanescher Arméi gekämpft hunn. Iwwerraschenderweis onerwäänt bleift awer den Ernest Faber, deemolege Fierschter vu Miersch, dee wärend dem Krich een ausféierlecht Tagebuch gefouert huet.

Manner gelongen ass d’Novemberheft 2019 vun der Zäitschrëft Ons Stad, déi sech op d’Krichserliefnisser an der Haaptstad konzentréiert. Mat puer Ausname liwweren déi meeschte Bäiträg kaum nei Erkenntnisser iwwert den Éischte Weltkrich an der Stad. Et ass och iwwerraschend, dass wéineg Gebrauch gemaach ginn ass vun de Quellentexter aus de Stater Gemengenarchiven, déi awer fir d’Opschafe vun der Stater Geschicht onverzichtbar sinn. Och d’Themewahl léisst e bëssen ze wënschen iwwreg. De Sujet Hongersnout gëtt an enger Rei Artikelen opgegraff, wat zu sëllege Widderhuelunge féiert, wärend aner wichteg Sujeten erstaunlecherweis iwwerhaapt net traitéiert ginn – sou zum Beispill den Aarbechter- a Bauererot, deen den 11. November 1918, kuerz nom Waffestëllstand, um Knuedler d’Republik proklaméiert. Insgesamt weess d’Heft trotz eenzelnen Artikelen, déi ganz flott sinn, also net z’iwwerzeegen.

Wichteg Aarbecht

Trotz där enger oder anerer Schwächt weisen des dräi Publikatiounen, wéi wichteg d’Aarbecht vun de lokale Geschichtsveräiner an Organisatiounen ass. Hir mikrohistoresch Etüden erlaben eis ee bessert Verständnis, net just vun der lokaler a regionaler Vergaangenheet ze gewannen mee se erméiglechen doriwwer eraus och ee méi räichhaltegen, villschichtege Gesamtbléck op Entwécklungen um nationalen an transnationale Niveau.

Bewertungen

5/5
Antoinette Reuter (éd.): Mutations 10: Être d’ailleurs en temps de guerre (1914-1918). Étrangers à Dudelange. Dudelangeois à l’étranger, 25 € 

3/5
Geschichtsfrënn Miersch: Endlech Fridden? 1914-1919 Miersch an den 1. Weltkrich, 21 €

1,5/5
Simone Beck (éd.): Ons Stad N. 118 – 1. Weltkrich, gratis