Kulturgeschicht Lëtzebuerg: Lëtzebuerger Identitéit ass méi wéi just Sprooch

Kulturgeschicht Lëtzebuerg: Lëtzebuerger Identitéit ass méi wéi just Sprooch

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

De Referendum vun 2015 an net zulescht déi aktuell Walcampagne weisen, dass eng Partie Lëtzebuerger e Problem hu mat der lëtzebuergescher Identitéit a fäerten, se géif verluer goen, well ëmmer méi Auslänner hei am Land schaffen a wunnen.

Vum *Jeanne E. Glesener a Michel Pauly

D’Sproochpetitioune 698 a 735 aus dem Joer 2017 hunn doriwwer eraus däitlech gemaach, wéi verschiddenaarteg iwwer d’Plaz, d’Roll, d’Funktioun an d’Potential vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft nogeduecht gëtt. D’Aart a Weis, wéi unhand vu verschiddene Walslogane probéiert gëtt, Kapital aus der Lëtzebuerger Sprooch ze schloen, weist op dat reduzéiert Identitéitsverständnes zu Lëtzebuerg hin, wann Identitéit an Zougehéieregkeet eleng um Beherrsche vun der Sprooch festgemaach gëtt. Lëtzebuerger Identitéit ass awer méi wéi just Sprooch; se setzt sech aus gedeelten (multi)kulturelle Praktiken an Erzielungen an engem historesch gewuessene Selbstverständnes zesummen.

Grad an dësem Zesummenhank gëtt et ëmmer méi wichteg, der Lëtzebuerger Kultur dee Stellewäert ze ginn, deen hir zoukënnt an deen an de leschte Jorzéngten dacks duerch e verbruetent Mannerwäertegkeetsgefill ze kuerz koum. Dobäi ass et awer kloer, dass ee vu Leit, déi fäerten, hir Identitéit ze verléieren, net kann erwaarden, dass se eng multikulturell Identitéit akzeptéieren. Et heescht also, déi lëtzebuergesch Identitéit – déi natierlech am Laf vun der Geschicht sech entwéckelt huet a sech och an Zukunft ëmmer wäert veränneren – ze stäerken, de Lëtzebuerger hir Freed un der eegener Identitéit erëmzeginn an den Auslänner, déi bei ons wunnen, ze weisen, dass si hei eng Kultur begéinen, déi grad esou räich ass wéi déi, déi si matbréngen.

Bei deem Uleies ass och d’Uni Lëtzebuerg amgaangen, hire Bäitrag ze leeschten. No enger Rëtsch Dissertatiounen am Beräich vun der Lëtzebuerger Geschicht an der Linguistik huet viru Kuerzem eng jonk Wëssenschaftlerin déi éischt Dokteraarbecht am Beräich vun der Lëtzebuerger Literatur mat Brio verdeedegt. Am Summersemester 2018 huet den Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft an Zesummenaarbecht mat Fuerscher vun de Geeschteswëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg an dem Centre national de l’audiovisuel eng Virliesungsrei iwwer Lëtzebuerger Kulturgeschicht organiséiert. Zil vun der Virliesung war et, de Bachelor- a Masterstudenten aus de Geeschteswëssenschaften grad ewéi dem allgemenge Public e breeden a gläichzäiteg informéierten Abléck an d’Geschicht vun der Kultur zu Lëtzebuerg ze ginn.

Kultur vun haut a muer

D’Virliesungsrei huet dës Grondiddi op verschidden Aart a Weise reflektéiert, andeems se d’Geschichte vu ganz ënnerschiddleche Beräicher zesummegefouert a gewisen huet, wéi dës net nëmmen zesummenhänken, ma sech och géigesäiteg beaflosst hunn. Nieft der transnationaler Geschicht vu Lëtzebuerg zënter der Urgeschicht, der Geschicht vum Nationalstaat, dem Iwwerbléck iwwer d’Industriegeschicht an hirer Verbindung mat der Migratioungeschicht, sinn och d’Sproochgeschicht an d’Beräicher vun der Literatur, dem Theater (als Institutioun), der Musek, der Molerei, der Fotografie, dem Kino an der Press matenee verbonne ginn. Déi eenzel Virträg ginn Äntwerten op d’Fro, wat dann eigentlech d’Grondviraussetzunge waren, fir datt sech zu Lëtzebuerg eng Kultur konnt entwéckelen. Deemno gi Vernetzungsprozesser erausgeschielt, d.h. et gëtt gewisen, wéi d’Opkommen an d’Entwécklung vun de verschiddene Konschtberäicher am 19. an an der éischter Halschent vum 20. Joerhonnert vu politeschen, wirtschaftlechen a sproochleche Bedingungen ofhänken, se dovu gepräägt sinn a wéi se dorop reagéieren.

Dës éischt Editioun vun der Virliesungsrei, déi als eng Zort Pilotprojet geduecht war, fir erauszefannen, wéi ee methodesch u sou e komplexen interdisziplinäre Projet kann erugoen, huet eleng schonn an dëser Ausgangsphas zu interessanten Erkenntnesser gefouert, déi et an der zukënfteger Fuerschung am Beräich vun der Kulturgeschicht ze verdéiwe gëllt. Schonn eleng déi chronologesch Iwwersiicht vun der Entwécklung vun de verschiddene Beräicher weist, wat fir eng Roll der Kultur an der Konstruktioun vum Nationalstat zënter 1815 zoukomm ass, sief dat iwwert de Wee vun der Kreatioun vu wëssenschaftleche Gesellschafte wéi der Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg (1845), d’Komponéiere vun der Nationalhymn, d’Verfaasse vun éischte literareschen Texter, d’Fleeg vun historesche Ruinen (wéi d’Schlass vu Veianen oder dem Huelen Zant), dem Opbau vun nationale Monumenter (wéi der Statu vu Wëllem II. um Knuedler) asw.

Besonnesch d’Ähnlechkeeten um strukturelle Plang verdéngen et, méi am Detail analyséiert ze ginn: Fir d’Konschtberäicher gesäit ee ganz däitlech eng Parallelentwécklung, souwuel wat d’Organisatioun vun éischte Konscht-, Museks- a Literaturkreeser ugeet, wéi an der Mobilitéit vun de Kulturschafenden, déi duerch hire Parcours am Ausland nei kreativ Impulser mat op Lëtzebuerg bruecht hunn, déi entscheedend zu den Zäsure bäigedroen hunn, déi d’Kulturentwécklung weiderbruecht hunn.

Et ass och opgefall, dass d’Ëmbrochphasen an de verschiddene Sparten dacks gläichzäiteg waren. An den 1920er Joren observéiert een, wéi sech nieft enger reng bourgeoiser, traditionell-konservativer Opfaassung vu Konscht a Kultur nei Kënschtler etabléieren, déi frësche Wand aus dem Ausland matbréngen.

D’70er Jore si fir all Beräicher eng souwuel ideologesch wéi strukturell Zäsur: Schrëftsteller wéi Komponisten oder Moler ginn déi national-patriotesch Themen op, déi bis elo dominéiert hunn, a fuerderen eng Demokratiséierung vun der Kultur, d’Unerkennung vum Statut vum Kënschtler a senger Kreatiounsfräiheet a bereeden esou d’Institutionaliséierungs- a Professionaliséierungsprozesser vir, déi sech an den 90er Jore konkretiséieren an och haut nach ëmmer e wichtegt Diskussiounsthema sinn.

D’Studenten hunn de Wäert vun där Ausernanersetzung mat der Kulturgeschicht gutt verstanen. Hei just zwou Reaktioune vun hinnen: «Vun der Lëtzebuerger Kultur wier net ganz vill iwwereg, wann alles pur ’lëtzebuergesch‘ misst sinn. Kultur gouf et, éier et Grenze gouf an dohier musse mer grenziwwergräifend ëm eis kucken, fir déi ganz Aflëss op eis Geschicht wouer ze huelen an ze würdegen. Besonnesch déi Virliesung huet mir nach eemol gewisen, dass Grenze Konstruktioune sinn, déi vläicht politesch gëllen, mee Kultur kennt keng Grenzen.»

«An dëser Iwwersiicht vun der Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg krut ech nei Erkenntnesser, wat d’Sprooch mee och d’Migratioun ubelaangt. (…) Zum Beispill gëtt den Immigranten oft virgeworf, op Lëtzebuerg komm ze sinn, well een ’hei besser lieft a verdéngt‘. Wat déi Leit net berücksichtegen ass, dass d’Lëtzebuerger Auslänner siche gaange sinn, fir hei ze schaffen, well et e grousse Mangel un Aarbechtskräfte gouf, nodeems vill Lëtzebuerger ausgewandert waren. Dat Nämlecht gëlt fir d’Sprooch. Am Fernand Fehlen sengem Virtrag ass zum Ausdrock komm, dass souwuel Däitsch wéi och Franséisch offiziell Sprooche sinn (an dat wéint der historescher Evolutioun). Trotzdem bekloe sech vill Leit, dass d’Migrante sech net integréieren an d’Sprooch vum Land net schwätze kënnen a stellen et oft esou duer, wéi wann zu Lëtzebuerg Franséisch just wéinst den Auslänner geschwat gëtt.»

Eng villfälteg Geschicht

Am aktuelle politeschen Discours gëtt der Kultur eng wichteg Roll zougeschriwwen: Se soll zu der Integratioun an zu der sozialer Kohesioun bäidroen. D’Viraussetzung, fir dës Missioun kënnen ze erfëllen, ass et awer, d’Wëssen iwwert d’Kultur, hir Vergaangenheet an hir metanational Verbindungen de Bierger zougänglech ze maachen. An engem klengen, méisproochegen an interkulturelle Land wéi Lëtzebuerg ass dat esouguer ëmsou méi wichteg. D’Vermëttele vun der Kultur am breede Sënn ass e wichtegt Mëttel, fir de Kanner an de Jugendleche vun haut e verdéift Verständnes vun dem kulturellen, sozialen, sproochlechen a politeschen Environnement ze ginn, an deem se liewen. Et ass d’Viraussetzung, fir aus hinnen eegestänneg an engagéiert Bierger ze maachen, déi muer intelligent Decisioune fir Lëtzebuerg a senger komplexer Villfalt kënnen huelen.

En éischte Schratt an dës Richtung huet den Erzéiungsministère scho gemaach, andeems en d’Virliesungsrei zu engem e-Book verschafft huet, dat an de Schoule soll agesat ginn. Doriwwer eraus resuméiert e flott gemaachten Internetsite www.kulturgeschicht.lu déi wichtegst Resultater vun der Rei a mécht se fir jiddereen zougänglech. Well den Zyklus esou e Succès hat, gëtt e vum 15. Oktober 2018 un zu Ettelbréck am CAPE widderholl.
Fir weiderzekommen, hoffe mer engersäits, dass d’Léierpersonal aus der Grondschoul an aus dem Secondaire onst Material unhëlt an domat schafft, ons och e Feedback gëtt, an dass anersäits ons Recherchen och eng wëssenschaftlech Fortsetzung fannen. Deemno bitt et sech un, an den Diskussiounen iwwert d’Kulturfërderung, mat där sech am Kader vun den Assises culturelles 2016-2018 an am Kulturentwécklungsplang vum Kulturministère auserneegesat gëtt, och iwwert d’Recherche an dësem Beräich nozedenken. Eng konsequent Fërderung ass d’Viraussetzung dofir, dass mer déi vill wäiss Flecken an der Lëtzebuerger Kulturgeschicht kënnen opschaffen an och op Fachkongresser kënne presentéieren an domat weisen, datt déi Lëtzebuerger Kultur net manner räich a wäertvoll ass wéi déi am Ausland.

Dofir ass et onbedéngt wënschenswäert, dass och de Proffestull fir metanational Lëtzebuerger Geschicht am Historeschen Institut endlech nees besat gëtt.

*D’Jeanne E. Glesener ass Professer fir Lëtzebuerger Literatur an de Michel Pauly Senior-Professer fir transnational Lëtzebuerger Geschicht op der Universitéit Lëtzebuerg.

J.C.KEMP
21. November 2018 - 19.32

An d'Grossherzogin vu virun a vun no 1919, wéi ass et mat deene gewiescht?

roger wohlfart
13. Oktober 2018 - 18.10

De jang de Blannen doutséicher nët!

Grober J-P.
12. Oktober 2018 - 11.15

Huet d'Melusina och schon lëtzebuergesch geschwaat?

Jacques Zeyen
11. Oktober 2018 - 15.15

Do stinn mir eis jo gutt zu Lëtzebuerg,wann mir kënnen zwou Professuren fir sou imminent wichteg Fächer bezuelen.Egal.Ëmmer nach besser wéi Theologie.

Grober J-P.
11. Oktober 2018 - 10.53

Ech weess nët wien Stacklëtzebuerger ass hei am Land, wéi wäit muss een do zréckgoen? Den Fils huet missen beim Scuto den Stammbaam vun der Famill opstellen, do ass esou muenches erauskomm.

roger wohlfart
11. Oktober 2018 - 10.21

Et kann een alles iwwerdreiwen an iwwerspëtzen. Et géif schons völleg duergoen, wann an der Schoul d'Lëtzebuerger Geschicht, besonnesch déi méi rézent ënnerriecht géif ginn. Et muss nët alles bis an de läschten Détail behandelt ginn. Da géifen och déi nët Stacklëtzebuerger eppes iwwert Verangenheet vun deem Land an deem si liewen an d'Identitéit vu sengen Awunner léieren. Emgekéiert wier ët interessant fir d'Lëtzebuerger eppes méi iwwer d'Geschicht vun den Awanderer gewuer ze ginn. Sou funktionéiert, a mengen Aen, d'Zesummeliewen an d'Intégratioun am beschten. Wann een eppes kennt a versteet, méicht et manner oder keng Angscht. Sou entsteet och géigesäitege Respekt.

Grober J-P.
11. Oktober 2018 - 1.07

Freed un der eegener Identitéit, hun ech wann ech epuer Riesling intus hun. Ech mengen do hun der ze déif an d'Glas gekuckt, sin déi eventuell vun der Muusel? Freed hätt ech dann, wann Menschen nët zevill iwer hir Identitéit gingen nodenken an einfach emol Mensch sin, egal aus wat fir enger Kultur!

J de Blannen
10. Oktober 2018 - 16.43

963 bis haut. "Quelle histoire."