Mo., 3. August 2020

Premium /  


  1. roger wohlfart /

    Gott sei Dank ass d’Probabilitéit, dass d’ ADR Régierungsverantwortung iwwerhölt minimal. Awer sécher ass näischt. Eng absolut Sécherheet, wéi d’ADR fuerdert gëtt ët nët. Wouhin dat géif féieren, beschreiwt de Jean Lichtfous op eng lëschteg, humoristesch awer realistesch Manéier am Fall wou…. Dann awer hellewech zeréck an 1950 er Joeren. Nee merci!

  2. Jacques Zeyen /

    Jo ADR.
    Fréier war alles besser. De Paf däerf erëm an der Primärschoul seng Märercher erzielen,Sexualopklärung just doheem bei den Elteren am beschten mam Kräiz un der Mauer. Pc oder Laptop eréischt ab 18 Joer an all muerges virum Kaffi d’Uelzecht sangen. Den Douanier mécht d’Grenzen dicht(awer nëmmen fir eran) etc. etc.
    Mam Programm vun där Juxpartei kann een all Dag eng Säit an der Zeitung fëllen.
    Fréier war alles besser. Du gouf et nach keng ADR,keen Thein a keen Kartheiser.

  3. Grober J-P. /

    Den 10. Mai 1940 konnten ons Douanieren déi däitsch “Frënn” och nët ophalen!!!

    • Jacques Zeyen /

      Nee. Déi haten jo Flënten um Réck.
      Ech sinn als 13-järegen awer vun engem zur S.. gemaach ginn well ech kee Pass dobäi hat.
      Grenzen sinn fir näischt gutt well déi Gutt leiden drënner an déi Béis kommen ëmmer duerch.

  4. Rinck Daniel /

    Wat hunn ech gelaacht wéi ech deen  Artikel geliest hunn. Esou gesäit Satir aus. Respekt.

    De Lieser soll just wëssen dass dat Satir ass, oder hei éischter eng lëschteg Geschicht. 

    Mee, eben eng Geschicht.

    ADR/Wee 2050  “Asyl” Politik ass natierlech ausgeriicht am Aklang mat de Genfer Konventiounen.

    ADR/Wee 2050 well näischt zoumaachen an och keng Frontaliere schikanéieren, firwat och.

    ADR/Wee 2050 ass natierlech fir e staarkt Europa, just dofir brauch een seng national Souveränitéit net opzeginn , oder? 

    Wéi gesot , ech hunn gutt gelaacht, iwwert déi Geschicht, et ass nur ebe Wahlkampf an eng Demokratie muss dat aushalen.

  5. GuyT /

    Den Härr Lichtfous mecht sech Saach einfach. EU ass gegrennt gin mattd er prämis vun offen BANNENgrenzen an gudd protegéiert AUSSENgrenzen. Dat set keng ADR Idee mais ass esou festgeluecht gin vun den EU Grenner. Och ass et sou datt mir vill méi Kontrollen hun säit mer Terrorgefor stark geklommen ass. Iwerall entstin emmer méi kontrollen do wou dat sos kén Thema war. Ouni Kontroll kann Europa net iwerliewen.

    • roger wohlfart /

      Ouni Kontroll fonctionnéiert bal näischt. ” Vertrauen ist gut, aber Kontrolle ist besser “. Awer Kontroll a Kontroll ass zweeërlee, ët kann een och alles iwwerdréiwen, an ët dass just dat, wat de Jean Lichtfous mat sengem spaassegen Artikel illustréiere wöllt. Munnechmol erreecht ee mat Humor méi wéi mat engem béiereeschten, langotmechen Essay!

  6. Pol /

    Der Jacques Zeyen und der Roger Wohlfahrt, was würde diese Rubrik wohl ohne die beiden machen. Diese perfekten Generalisten haben zu jedem Thema eine Meinung und scheuen sich nicht, diese jederzeit zu äussern. Ob sie immer recht haben, liegt wie so häufig im Auge des Betrachters. Aber zumindest haben sie eine Meinung ! Und solange keiner versucht, seine eigene Meinung den anderen Mitbürgern aufzudrängen, ist prinzipiell nichts dagegen einzuwenden.

    • roger wohlfart /

      Zumindest unterschreiben beide ihre Beiträge mit dem vollen Namen und stehen somit zu dem was sie schreiben.

  7. René Charles /

    Den ADR as awer nach tolerant:
    T’as dem ADR secher och bekannt das zengdausenden Türken vun der 2ter an souguer 3ter Generatio’un an Däitschland, mat duebel Nationalitéit TR/D,den Här Erdogan als HIREN Präsident bejubelt hun (Berlin). Déiselwecht, mat duebel Nationalitéit, hun zu ca 3-400 000 dem Här Erdogan seng Partei gewielt virun e puer Méint.
    Ech hat mer erwaart dass den ADR géif eng Revisiou’n vun der duebler Nationalitéit ukënnegen well déi kaum zur Intergratio’un féiert.

Kommentieren Sie den Artikel

Meistgelesen