LeserbriefWéini misst en Deputéierten ophalen?

Leserbrief / Wéini misst en Deputéierten ophalen?

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Am Hibléck op d‘Chamberwalen am Oktober 2018 sënn elo bal all Parteien am gaang, hir Lëschten opzestellen.

Bis elo ass zumindest bei enger Partei schonn d‘Majoritéit vun de Kandidaten duerch gesickert. Elo wësse munnech Politiker – leider awer nach net genuch -, datt et eng Zäit gëtt fir ze kommen an eng fir ze goen, wéi elo dës Deeg d‘Madame Anne Brasseur. Am Géigesaz zu deene verstännegen an asiichtege Politiker gëtt et der awer nach vill méi, déi mat alle Mëttelen op hirem Stull peche bleiwen.

Fir d‘Notaire gëllt jo d‘Regel, datt se mat 72 Jar mussen ophalen; fir d‘Membere vum Staatsrot gëllt déiselwecht Altersgrenz, déi nach duerch déi Verfügung verschäerft gëtt, datt se egal wéi en Alter se hunn no 15 Jar am Staatsrot mussen ophalen.

Duerfir ass d‘Fro méi wéi berechtegt, firwat dat dann net fir d‘Deputéierte gëlt.

An deem Zesummenhang sief och d‘Fro erlaabt, ob et net gutt a richteg wier, wa Ministeren, Buergermeeschteren a Schäffen nëmmen zwou Perioden dierften um Rudder bleiwen. Well wann se no 10 respektiv 12 Jar näischt ëmgerappt hunn, da komme be-stëmmt keng nei Iddien a keng nei Impulser méi.

Eng Fro, déi och ëmmer erëm mat schéiner Regelméissegkeet erëm kënnt, ass déi vum dueble Mandat. Wéi kann een e Beruff hunn, an enger méi oder wéineger grousser Gemeng Buergermeeschter oder Schäffe sënn an doniewent nach Deputéierte sënn?

Mee esou Gedankegäng bleiwe souwisou nëmme Gedanken, well fir d‘Gesetz ëmzeänneren bräicht et eng Majoritéit an der Chamber – a wee wëllt schon deen Aascht ofseeën, op deem e sëtzt?

Roby Zenner

GeTee
16. Dezember 2019 - 18.52

Zitat : "Mee esou Gedankegäng bleiwe souwisou nëmme Gedanken, well fir d‘Gesetz ëmzeänneren bräicht et eng Majoritéit an der Chamber – a wee wëllt schon deen Aascht ofseeën, op deem e sëtzt?" An esoulang sech dodrun neischt ännert gin ech net mei wielen !

roger wohlfart
23. März 2018 - 9.28

Mat 65 soll Schluss sinn oder maximal 3 Legislaturpérioden.

J.C. KEMP
22. Januar 2018 - 21.43

Ech hu mech alt schons gefroot, virwaat op der Oppositiouns(?)partei hierer Këscht nët die Haere Joseph B., Pierre W. a Léon B. stinn. Sollten se etwa vergiess gi sin? Dat sin dach esou richteg Jonker.