LeserbriefOxfam féiert hiren Anti-Lëtzebuerg-Bashing virun. Haalt op, hir Wueren ze kafen!

Leserbrief / Oxfam féiert hiren Anti-Lëtzebuerg-Bashing virun. Haalt op, hir Wueren ze kafen!

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Von Bill Wirtz

Oxfam huet viru kuerzem eng Recommandatioun u Bréissel geriicht, fir verschidde Länner kloer als «Steierparadäiser» ze deklaréieren. No enger ganzer Rei Net-EU-Länner (insgesamt 35), dorënner eis Frënn an der Schwäiz, wëll Oxfam och elo, dass Malta, Irland, Holland a Lëtzebuerg op d’Lëscht vun de Länner gesat ginn, déi Steieroasen duerstelle sollen.

Nodeems mir säit der Kris vun 2008 eis dës oniwwerluecht Geschicht unhéiere mussen, hätt ee jo bal gemengt, dass Oxfam op d’mannst méi Zäit an hir Recherchen investéieren wéi eis franséisch an däitsch Noperen, well dass de Grand-Duché anzwëschen automateschen Informatiounsaustausch bedreift, schéngt hinnen net opgefall ze sinn.
Grondsätzlech ass d’Positioun vun der britescher ONG op hirem Rapport vum Mäerz dëst Joer baséiert, an deem se ënnert anerem weisen, dass Lëtzebuerger Banke vill méi Sue generéiere wéi anerer. Dass de Succès vun der Bankeplaz Lëtzebuerg och kéint un der Sproochevillfalt, dem Know-how, der Infrastruktur an der politescher Stabilitéit (mir kucken elo op keen an Europa …) leie kéint, schéngt fir Oxfam ausgeschloss ze sinn. Et mussen d’Steiere sinn!

D’Lëtzebuerger Regierung kéint endlos probéieren, eis Noperen an esou Organisatiounen ze versichen zefridden ze stellen: Ouni Erfolleg. Den Drock wäert eréischt dann noloosse, wa mir eis Betriber esou besteiere wéi Frankräich, a wann d’Stad Lëtzebuerg esou erofkomm ausgesäit wéi Charleroi. Déi Personnagen, déi den Anti-Lëtzebuerg-Bashing eréischt dann opginn, wann et dat Lëtzebuerg, wat sech Wuelstand selwer erschaaft huet, net méi gëtt.
Organisatioune wéi Oxfam si staark politiséiert a si vill manner dorun interesséiert, Leit ze hëllefen, wéi se hiert Weltbild verbreede wëllen. Dat mannst, wat een als Lëtzebuerger maache kann, deen och nëmmen e bëssen eppes op d’Zukunft, déi wirtschaftlech Zukunft vum Grand-Duché gëtt, ass solch Organisatiounen net méi ze ënnerstëtzen.
Si si net déi eenzeg, déi Faitrade-Schokola verkafen.

René Charles
15. Dezember 2017 - 15.51

Da wier ët mol opportun fir nozesichen wéivill Grolli mat sougenannter Barmhärzechkeet vun sou Schokola-Fair-Trade an aaner derarteger Initiativen verdéngt gët. Do gin et dach offiziell publizéiert chifferen an et muss een et jo och op der Plaats (net op hiren flyer) gesin wéivill Leit do elo echt gutt liewen vun där Initiativ. Ech hëllefen lokal an regional, an do as munchmol méi ze 'opferen' wéi e puer Cent.

jcg
15. Dezember 2017 - 15.31

Diese Stellungnahme wundert mich ein bisschen. Luxemburg liebt es anderen Ländern Ratschläge zu geben, ihre Gesetze und Handlungsweisen zu hinterfragen und zu bestrafen. Siehe Russlandsanktionen, die unendlich weiter verlängert werden, siehe Ungarn, Polen, Slowakei, Tschechien und und und. Genau wie Luxemburg sehen diese Länder das Recht auf ihrer Seite. Jetzt steht Luxemburg selbst am Pranger und findet das nicht witzig. Ob zurecht oder zu Unrecht, diese Beschuldigungen sind teilweise oder ganz unbegründet aber allein das Erwähnen eines Verdachts bedeutet schon einen beträchtlichen Schaden für die betroffenen Personen oder Länder. Zweierlei Mass, denken sie doch bitte darüber nach bevor sie das nächste Mal jemanden mit Schmutz bewerfen. Alles kommt einmal zurück, wie ein Bumerang.