Quo vadis, Lëtzebuerg?

Quo vadis, Lëtzebuerg?

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Wat wëlle mer, a wéi gesäit d’Zukunft vun eisem Land an 20 oder 30 Joer aus? Dem Statec senger Prognos no kann ee fir 2017/2018 mat engem Wuesstum vu 4,8% rechnen. Alles schéin a gutt. Da kënne mer och eisen héije Liewensstandard behalen. Awer dat geet op d’Käschte vun der Natur an der Liewensqualitéit. An den 90er Joer sinn hei am Land all Joer ronn 900 ha gudde Buedem versigelt an zoubetonéiert ginn. Sief et fir Wunnengen oder Betriber. An de leschten 10 Joer huet eis Populatioun em 100.000 Awunner zougeholl. Do muss ee kee Recheprofesser sinn, fir ze gesinn, wat op eis duerkënnt. Eisen Territorium, bei nëmmen 2.586 km2, setzt eis d’Limiten.

Beispill I: D’Drénkwaasser ass elo scho knapp, an ’t ass knapps Summer. ’t ass net eleng de Klimawandel, kee Wanter a keng Reeperiode méi, mee och d’Verbëtze vum Drénkwaasser vun de Leit, Golfterrainen etc.

Beispill II: d’Infrastruktur. Fir de Verkéier am Grëff ze behalen, mussen d’Autobunne vergréissert a Stroosse gebaut ginn. Do hippe mer ëmmer hannendrun, well d’Populatioun esou rapid zouhëllt.

De Räichtum vun eisem Land läit net eleng am Wuesstum, mee a senge Ressourcen, Waasser, Buedem. An déi sinn net onbegrenzt! Et muss eppes ënnerholl ginn, elo gläich, ier et ze spéit ass. Eis Politiker an och all Eenzelne si gefuerdert. Déi nächst Generatioun seet eis elo scho merci.

Iwwregens, wat d’Weltpopulatioun betrëfft: Am Joer 1800 gouf et 906 Milliounen, 1900 gouf et 1,6 Milliarden. 2016: 7,4 Milliarden. Fir 2050 – 9,7 Milliarde Mënschen! Eise Planet besteet zu 70% aus Waasser, dovunner ass awer nëmmen 1% Drénkwaasser!

Am Abend wird man klug für den vergangenen Tag, doch niemals klug genug für den, der kommen mag. (Friedrich Ruckert

Théid Bock, Schëffleng

roger wohlfart
26. Mai 2018 - 9.15

Dir sidd an 30 Joër séier mat Ärem Latein um Ënn . An hutt w.e.g. e bessche méi Respekt virun deenen eelere Matbierger, dé wëssen nämlech, zumindest déi meescht, wouvun se schwätzen.

Gesellschaft aka Ego 2017
10. November 2017 - 21.34

Fro , as eichter , wat well di eng an , wat di aaner ? Deen eng , well einfach , emmer nachmei Reichtum , vir hir eegen Schness an , di aner wellen , einfach eng mei , gerecht Gesellschaft ! Land oder Welt-Energang predegen , t haptsach mir hun , genuch vun allem , zu mols genuch Reichtum / Geld / Platz a soss Luxus ! D Haptsach , mir sin total ze fridden ! Wat di aner ? Eis dach egal !

Loris
18. September 2017 - 16.27

Ëmmer déi latäinesch Titelen. Mir hunn 228 Awunner op de km2, am Saarland (gläich grouss) sinn et der 387 an trotzdem gesäit een nach Kéi op der Wiss a riiseg Bëscher an och d'Bauplaze sinn nach erschwénglech. Och wa vill Pensionären dat net verstinn.

Mr.X
3. Juli 2017 - 10.16

Respekt für diesen Beitrag, kann ihnen nur in allen Punkten recht geben und muss nochmal hervorsteichen, wie starkt die letzten Regierungen hier versagt haben. Der aktuelle trend unter Gambia, welcher eben nur auf Wachstum setzt ohne jegweilige Konsquenzen zu berücksichtigen, ist alles andere als nachhaltig und wird unserem Land auf Langesicht mehr schaden als es uns hilft. Ein typischen Bsp., die neue "industriezone" muss man es ja nennen auf der Cloche D'Or, es sollen etwas mehr als 400 Wohnungen entstehen, löblich, zeitgleich sollen mehr als 2000 Arbeitsplätze entstehen... wo ist da das gleichegewicht zwischen Lebensqualität und Arbeitsplatz? Diese Generation kann sich kaum noch eine Familie hier im Land leisten, die nächste wird dann über die Grenze gezwungen da es keinen erschwinglichen Wohnraum mehr geben wird. Es ist dies Existenzangst, welches das Klima in Luxemburg zunehmend vergiftet und welches von dieser Regierung angetrieben wird.

Jacques Zeyen
30. Juni 2017 - 16.33

Bravo Théid,just sou ass et. Just, du schreifs : ier et ze spéit ass. Ech mengen et ass schon ze spéit well vun Gebuertekontroll, Klimaschutz etc. well keen eppes wëssen. D'Welt muss net gerett ginn- de Mënsch muss gerett ginn. Jak ( Ardèche )