Gëschter Moie sinn ech der hannendru gaangen. Wéi een dat nach heiansdo an ale Filmer gesäit. Méi séier, wéi ech kucke konnt, hat ech dech aus den Ae verluer, waars de an engem Lift verschwonnen. Ech hunn nach ëmmer keng Anung, wou genee s de schaffs, am Belval Plaza Shopping Center. Ech wäert dech och net dono froen. Wann s du mech net frees, wat ech wierklech all Dag um Belval op der Gare maachen. Net an d’Coursë goen. Nee, mech an d’Coursë schleefen a versichen, net ënnerzegoen. Net un d’Bourse ze denken.
Wat ech mat Sécherheet weess, ass, datt se bei dir op der Schaff all Dag e Spill spillen, bei deem s de schonn als Kand ni matmaache wollts. Si ruffen: Eent, zwee, dräi – ech kommen! An da kommen se. An du méchs dech kleng. Spiers, datt se ëmmer méi no réckelen. An hoffs, datt se däin Häerzklappen net héieren. Dat has de mer verroden. Viru Wochen, wéi mer eis duerch Zoufall kenne geléiert hunn. Säitdeem lueden ech dech moies heiansdo op e Kaffi an. Ech mengen net, datt s de dech un eist Gespréich deemools erënners, oder erënnere wëlls. Du sos: Réischt, wann s de no Feierowend d’Kummerdier hannert der zouméchs, fills de dech nees sécher. Du kanns der kee Studio leeschten, nach net. Säit s de mat uechtzéng vun doheem fort bass, wunns de an enger WG. Mat e puer Leit, deenen et grad sou geet wéi dir.
A wéi se sech fréier futti geschafft hunn, op der Schmelz. Wéi se ouni Tuten a Blosen heihinner koumen. Deng Urgrousselteren. Immigranten. Wéi se déi nei Welt tonneschwéier op hirem Bockel gedroen hunn, dëst Land räich gemaach hunn. Ouni hir Sacrificen. Ouni hir hoart Oarbecht. Schweess a Blutt. An deng Elteren: Wéi se vu fréier schwätzen, wéi si nach Kanner waren, d’Héichiewen hannert dem Haus. Wéi d’Männer an hirer Famill dringend gebraucht goufen. Bis se op eemol iwwerhaapt net méi gebraucht goufen. Bis alles ofgegraast, bis se all krank waren. D’Männer.
Hautdesdaags um Belval: Avenue du Rock ’n’ Roll. Saturn, Hotel Ibis, Esprit. Caféen a Restauranten am industrial design. An eng High-class-Universitéit. Hannendrun déi stëllgeluechten Héichiewen, eise schéin ausgeliichte Patrimoine. „Eis Famillje kruten näischt geschenkt. Mäi Grousspapp war deemools op der Schmelz. Mir hunn eis eropgeschafft”, soen se houfreg. Déi, déi et gepackt hunn. Dat ass besonnesch an engem räiche Land ewéi Lëtzebuerg wichteg ze betounen.
An du?
Bass vun engem Papp erzu ginn, deen nach déi al Stëbslong am Kapp huet, den Eisenäerz am Blutt. Hie seet: Deng Urgrousselteren hunn deemools … fir datt mir et enges Daags besser … Du kanns et net méi héieren. A senger Virstellung huet een et gepackt, wann ee säin Haus ofbezuelt kritt. Hie versteet d’Welt net méi. E puer Generatiounen drop soll den Dram schonn eriwwer sinn? Du an deng Geschwëster wäerte mat Sécherheet ni e Prêt kréien, fir en Haus ze kafen. Bei anere Familljen ass dat dach gaangen. Dir hätt iech net genuch dru ginn, iech ze vill op der Strooss erëmgedriwwen. Mir waren all op de Stroossen, Papp, mir hunn do mam Ball gespillt. Méi war et net. Dat wëlls du him gäre soen. A villes méi. Du häls de Mond. Du weess ni, ob en net awer Recht huet. Ech kennen déi Geschicht. Waart nach e puer Joer. Et gëtt besser. Op d’mannst wéilt ech der dat gär versprieche kënnen.
Souwisou wéilts du néirens anescht wunnen. Du bass frou mam Minett. Frou, ee vun hiren Däpp ze sinn. Net wéinst deem ganze Working-class-hero-Bullshit. Einfach sou. Well s de hei grouss gi bass. Well s de dech hei doheem fills, trotz allem. Well et schéin hei ass.
Ech weess.
Zur Persoun
D’Nora Wagener, 1989 zu Lëtzebuerg gebuer, ass eng fräischaffend Schrëftstellerin, déi virun allem op Däitsch schreift. Bis ewell si sechs Bicher vun hir erauskomm, dorënner de Kuerzgeschichteband „Larven“, mat deem si 2017 de Servais-Präis gewonnen huet. Hir Texter goufe souwuel zu Lëtzebuerg ewéi och am Ausland scho méi ewéi eng Kéier priméiert. Déi rezentste Publikatioun vun hir ass de Band „Was habe ich verpasst“ (2021, Éditions Guy Binsfeld).
Sad Eyes
Every day here you come walking
I hold my tongue, I don’t do much talking
You say you’re happy and you’re doin’ fine
Well go ahead, baby, I got plenty of time
Sad eyes never lie
Sad eyes never lie
Well for a while I’ve been watching you steady
Ain’t gonna move ’til you’re good and ready
You show up and then you shy away
But I know pretty soon you’ll be walkin’ this way
Sad eyes never lie
Sad eyes never lie
Baby don’t you know I don’t care
Don’t you know that I’ve been there
Well if something in the air feels a little unkind
Don’t worry darling, it’ll slip your mind
I know you think you’d never be mine
Well that’s okay, baby, I don’t mind
That shy smile’s sweet, that’s a fact
Go ahead, I don’t mind the act
Here you come all dressed up for a date
Well one more step and it’ll be too late
Blue blue ribbon in your hair
Like you’re so sure I’ll be standing here
Bruce Springsteen
(from the album „Tracks“, 1998)
© Sony Music Group/Eldridge
This Hard Minett Land
Von März bis Oktober 2022 laden das Tageblatt, das Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) und capybarabooks die LeserInnen jeden Freitag zu einer besonderen Entdeckungsreise durch Luxemburgs Süden ein. Rund vierzig SchriftstellerInnen und HistorikerInnen lassen sich von Bruce Springsteens Songs inspirieren und schreiben Texte über das luxemburgisch-lothringische Eisenerzbecken, „de Minett“, sowie über diejenigen, die dort geboren oder dorthin eingewandert sind, dort gelebt, gearbeitet, geliebt, geträumt, gehofft, gekämpft, Erfolg gehabt oder versagt haben. Begleitet werden die Texte in deutscher, englischer, französischer und luxemburgischer Sprache von Illustrationen des Luxemburger Künstlers Dan Altmann. Im Herbst erscheinen sämtliche Texte und Zeichnungen dann versammelt in Buchform bei capybarabooks. Bis dahin heißt es: „Son, take a good look around/this is your … Minett Land!“
Sie müssen angemeldet sein um kommentieren zu können