Headlines

ForumWoufir et sech haut ze kämpfe lount: Bäitrag zum 1. Mee

Forum / Woufir et sech haut ze kämpfe lount: Bäitrag zum 1. Mee
 Foto: Editpress/Fabrizio Pizzolante

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Schonn als Kand hunn ech geléiert, dass den 1. Mee e speziellen Dag wier. Den eenzege Feierdag, deen u real Evenementer erënnert, u Leit, déi fir den Aacht-Stonnen-Dag gekämpft hunn. Mä iwwerhaapt, villes, wat eis haut selbstverständlech erschéngt – Mindestloun, Sozialversécherung, Verbuet vu Kanneraarbecht, Kënnegungsschutz, allgemengt Walrecht asw. – ass d’Resultat vun haarden Ausernanersetzungen tëschent de schaffende Leit an den herrschende Klassen.

Réischt méi spéit ass mer bewosst ginn, dass den 1. Mee net nëmmen e Gedenkdag ass, mä dass et och haut nach drëm geet, d’Rechter vun de schaffende Leit ze verdeedegen an ze stäerken.

E Recht, wat eis haut normal erschéngt, ka moar schonn ageschränkt ginn. Zum Beispill den Index, eng grouss Errongenschaft, déi et ausser zu Lëtzebuerg bal néirens gëtt: Mam Budgetsgesetz hunn LSAP, déi gréng an DP am Dezember den Index esou manipuléiert, dass d’Präisdeierecht duerch d’Aféiere vun enger CO2-Steier net wäert mat agerechent ginn. E Verloscht vun der Kafkraaft, dee mer ni méi wäerten zeréckkréien.

Esou änlech kann et mam Mindestloun goen. Dëse gëtt reegelméisseg per Gesetz un d’Lounentwécklung ugepasst. Wéi vulnerabel dëst ass, huet sech am Dezember gewisen, wou d’DP ugefaangen huet, Konditiounen ze stellen, fir d’Gesetz matzestëmmen.

Keng defensiv Grondastellung

Mäer gesinn also, wéi sensibel eis Rechter a Wierklechkeet sinn. Trotzdeem – oder grad dowéinst – sollte mer den 1. Mee net mat enger defensiver Grondastellung begoen. Dat kënne mer eis och guer net leeschten. Den Taux vu „Working Poor“ klëmmt säit enger Rei Joren ëmmer weider a läit elo bei ronn 12%. Dat heescht, dass all aacht Persoun hei am Land trotz Aarbecht dem Aarmutsrisiko ausgesat ass. Dat ass och kee Wonner, wann ee bedenkt, dass de Mindestloun ënner deem Betrag läit, deen ee laut Statec brauch, fir dezent, d.h. mënschewierdeg, zu Lëtzebuerg kënnen ze liewen. Wann Aarbecht sech loune soll, wéi dat ëmmer sou schéi gesot gëtt, da muss de Mindestloun strukturell erhéicht ginn amplaz vu reng kosmeteschen Upassungen.

Et ass awer och Zäit, dass mer iwwer méi grouss Verännerungen diskutéieren. 1930 huet de britteschen Ekonom John Keynes geschriwwen, dass duerch den technologesche Fortschrëtt an déi klammend Produktivitéit d’Leit an honnert Joer vu wirtschaftleche Suergen erléist wieren a just nach 15 Stonnen an der Woch misste schaffen. 90 Joer méi spéit kéinte mer net méi wäit vun der Visioun ewech sinn.

Déi gesetzlech Aarbechtszäit gouf am Laf vun der Geschicht reegelméisseg verréngert – als éischt op 48 Stonnen an dono op 40 Stonnen. Säitdeem ass virun allem opgrond vun der Digitaliséierung d’Produktivitéit quasi explodéiert. Mä amplaz dass d’Gesellschaft dovu profitéiert, dass déi selwecht Aarbecht an engem Brochdeel vun der Zäit ka gemaach ginn, schwieft d’Digitaliséierung wéi en Damokles-Schwäert iwwert eis a méi a méi Leit fäerten ëm hier Aarbechtsplaz.

Mäer liewen an enger Zäit vu gläichzäiteger struktureller Iwwer- an Ënnerbeschäftegung. Vill Leit hu Schwieregkeeten, hiert Privat- a Beruffsliewen ënnert een Hutt ze bréngen, oder erkranken opgrond vu Stress an Iwweraarbechtung. Gläichzäiteg si vill Leit – virun allem Fraen – gezwongen, Deelzäit ze schaffen oder hunn iwwerhaapt keng Aarbecht. D’Léisung wier a béide Fäll eng strukturell Reduzéierung vun der Aarbechtszäit mat vollem Lounausgläich – verbonne mat enger ëffentlecher Jobgarantie.

Méi Liewenszäit

D’Reduzéierung vun der Aarbechtszäit hätt virun allem mol den Avantage, dass no 40 Joer och endlech déi schaffend Leit nees géinge vun den erschafene Produktivitéitsgewënner profitéieren – a Form vu méi Liewenszäit.

Am aktuelle Kontext huet se awer nach en anere, bal nach méi wichtege Rôle: Klimakris, Verloscht vun der Biodiversitéit, Pandemien, Zouhuele vun Aarmut a sozialen Inegalitéiten – mäer befannen eis an enger multidimensionaler Kris, déi hiren Ursprong an enger graver Iwwerproduktioun huet. Déi kapitalistesch Logik vum onendleche Wuesstem stéisst un hier Grenzen an ëmmer méi Leit gëtt bewosst, dass mer net méi sou virufuere kënnen. Eng strukturell Reduzéierung vun der Aarbechtszäit kéint dozou bäidroen, des Iwwerproduktioun ze bremsen. Domat wier et e wichtegt Puzzelstéck am Kampf fir eng sozial-ekologesch Transitioun.

Liberal Vertrieder vum Status-quo ginn net midd, Panik ze verbreeden an e Bild ze zeechnen, an deem eise Sozialsystem, virop d’Pensiounen, géing zesummebriechen, soubal de Wirtschaftswuesstem géing zeréckgoen. Dobäi gëtt oft ënnerschloen, dass eise System och haut schonn an éischter Ligne op Solidaritéit an Ëmverdeelung baséiert. D’Ofhängegkeet vum Wuesstem ass e politesche Choix a kéint duerch aner Finanzéierungsquellen ofgefiedert ginn.

Natierlech kann net an all Beräich manner geschafft ginn, am Géigendeel: wa mer wëllen a Richtung vun enger méi sozialer an ekologescher Gesellschaft goen, da brauche mer Wuesstem a ville Beräicher. Am Gesondheets- a Fleegeberäich zum Beispill musse méi Plaze geschaf ginn. Dat mécht d’Fuerderung no enger allgemenger Reduzéierung vun der Aarbechtszäit awer net falsch, well grad an dësem Beräich ass d’Personal oft un de Limitten. En Erofsetze vun den Aarbechtsstonne muss hei verbonne gi mat enger éiergäizeger Rekrutéierungsstrategie duerch eng Verbesserung vun der Offer u Formatioun a vun den Aarbechtskonditiounen. Eng ëffentlech Jobgarantie, wouduerch all Mënsch d’Recht op eng Formatioun oder eng Aarbecht kréich, kéint gläichzäiteg de Personalmangel a wichtege Beräicher wéi och de Chômage effektiv bekämpfen. Aarbecht gëtt et genuch, well nieft dem Gesondheetssecteur fuerdert och déi ekologesch Transitioun méi Personal a Beräicher wéi der Energieproduktioun, dem ëffentlechen Transport an der Landwirtschaft, fir just déi ze nennen.

Eng allgemeng Reduzéierung vun der Aarbechtszäit – verbonne mat enger Garantie op Aarbecht – ass ëmzesetzen. Et ass just eng Fro vu politeschen Decisiounen – a gesellschaftlechem Drock.

Gesellschaftlech Verännerunge spillen sech ëmmer op zwee Niveau’en of: an den Institutiounen, wou d’Gesetzer gestëmmt ginn, an an der Zivilgesellschaft, wou d’Leit sech mobiliséieren a fir Verännerungen asetzen.
Op institutionellem Niveau kann een dat eent oder anert konkret erreechen. Als Beispill sief hei genannt, dass d’Chamber no laange Joren vun Outsourcing viru kuerzem op Initiativ vun „déi Lénk“ hin decidéiert huet, d’Botzpersonal selwer anzestellen. Domat wäerte sech d’Aarbechtskonditioune vun deene Leit wesentlech verbesseren.

Déi richteg Kräfteverhältnisser

Mä Politik kann ëmmer nëmmen de Kader setzen, ënnerhalb vun deem sech Ausernanersetzungen ofspillen. Rezent Beispiller sinn d’Aarbechtskämpf vun de Beschäftegten am Botzsecteur oder och bei Eurofoil, wou d’Patronat Verhandlunge vu Kollektivverträg blockéiert. Hei ass et un de Beschäftegten, zesumme mat de Gewerkschaften, sech mat alle Mëttel ze wieren.

All Aarbechtskampf huet da gutt Chancen, gewonnen ze ginn, wann déi richteg Kräfteverhältnisser ënnerhalb vum Betrib oder der Gesellschaft bestinn.

Hei zu Lëtzebuerg gesi mer ëmmer méi, wéi verschidden Organisatiounen sech zesummen dinn a fir déi selwecht Ziler kämpfen. Dat fänkt u bei der Klimamanifestatioun, déi vu Klimaschützer a Gewerkschaften zesummen organiséiert gouf. Et geet weider iwwer Plattforme wéi d’JIF, déi de Fraestreik organiséiert, oder „Wunnrecht“, déi Dosende vun Organisatiounen aus ënnerschiddleche Beräicher zesummebréngen an esou déi sozial an ekologesch Erausfuerderunge verbannen.

Et wäert des Zesummenaarbecht brauche vun Anti-Rassismus- an LGBT-Organisatiounen, vu Klimaschützer a Gewerkschaften, vu Friddensbeweegungen a Mieterschutzorganisatiounen, fir d’Leit zesummenzebréngen an déi néideg Kräfteverhältnisser ze schafen. D’Erausfuerderunge vun haut sinn net méi déi selwecht wéi den 1. Mee 1886, op deen den haitege Feierdag zeréckgeet. Mä d’Äntwerte sinn änlech: d’Bewosstsinn, dass sech eppes ännere kann an eng Mobiliséierung vun all deene Leit, déi déi selwecht Interessien deelen. Fir eng solidaresch an ekologesch Gesellschaft lount et sech och haut nach, op d’Strooss ze goen.

* D’Carole Thoma ass Co-Spriecherin vun „déi Lénk“ a Member vun der „Chambre des salariés“.