Fir dass de Virus esou wéineg wirtschaftlech a gesellschaftlech Schied wei méiglech produzéiert, huet d’Regierung eng Rei vu Moossname geholl. 180.000 Leit ass et erméiglecht ginn, de sougenannten „Chômage partiel“ ze kréien, wat enger Mass u Betriber d’Liewen e bësse manner schwéier gemaach huet. D’Käschte vum „Chômage partiel“ wäerte sech, op déi zwee Méint gekuckt, op bis zu 600 Milliounen Euro belafen. Dobäi kommen nach déi staatlech Garantië bei Prêtë fir Betriber am Wäert vun 2,5 Milliarden Euro. Op déi Lëtzebuerger Ekonomie awer nëmmen des 2 Méint brauch, fir erëm unzelafen, ass méi wei onwarscheinlech. An dann? Kann de Staat, wa sech dës sanitär Kris weider an d’Längt zitt, weider alle Salariéen souwéi alle Betriber hëllefen? Warscheinlech och net. Dofir ass elo de Moment komm, fir sech d’Fro ze stellen: Wëlle mer eppes änneren? Et kann net sinn, dass mer elo op wichteg Investitioune verzichten, well mer spueren. Genausou kann et net sinn, dass alt erëm, wéi no der Finanzkris 2008, déi manner räich an de Mëttelstand ënnert dësen enorme Käschte leide mussen. Hei e puer Iddien, déi et géife méiglech maachen, de Staatsbudget erëm ze fëllen an de soziale Kader hei am Land weider ze verstäerken:
1. Impôt sur la grande fortune (ISGF)
D› Nees-Aféierung vun der Verméigenssteier kéint hëllefen, weider Ongläichheeten ze reduzéieren. Duerch d’Besteierung vum ganze Patrimoine (amplaz nëmmen deem Verméigen, dat all Mount dobäi kënnt) kéinten ënnert anerem grouss Proprietairen zum, Beispiell opgrond vum reelle Maartwäert vun hiren Immobilie méi effizient besteiert ginn. D’Grondrecht op Wunnen, genausou wei gewësse Fräibeträg, zum Beispiel nohalteg an ëmweltfrëndlech Investitiounen an d’Wirtschaft, wieren dovun natierlech ausgeholl. D’Zil heivu wier et, déi extrem Diskrepanz tëschent Aarm a Räich méi kleng ze kréien. Wichteg ass et, dass net erëm de Mëttelstand mattbelaascht gëtt, esou wei dat, duerch d’Solidaritéitssteier vun no der Finanzkris 2008, de Fall war.
Eng gestaffelt, prozentual gesi minimal Verméigenssteier fir di „Ultra-Räich“ géif et erméiglechen, enorm Beträg u Steierrecetten ze generéieren. Wa vun deene Multi-Millionären1 a Milliardären, vun deene mer wëssen, dass se sech hei am Land niddergelooss hunn2, jiddereen op all Euro u Verméigen 2 Cent u Steiere bezilt, géif op Dauer d’Schéier tëschent Aarm a Räich erëm e Stéck zougoen, ouni dass déi concernéiert Persoune grouss wirtschaftlech Schied dovundroen.
2. Upassung vun der Steiertabell
Dat Wuert „Kris“ kënnt aus dem Griicheschen a bedeit sou vill wéi „Wendepunkt“. E Wendepunkt, deen an dësem Fall zu enger méi gerechter Besteierung vun de schaffende Leit féiere kann. Dass dat néideg ass, gesäit een un der Stafflung vun der Steiertabell. Well wärend ee bei der Akommesstuf tëscht 11.256 an 13.137 Euro nach e Steiertarif vun 8% bezilt, klëmmt dëse fir d’Akommesstuf tëscht 43.897 an 45.897 Euro direkt ob 39%. Dat ass e Risesprong, wann ee kuckt, dass den Tarif awer ab 200.004 Euro trotz dëser immenser Steigerung dann eréischt bei 42% läit. Doriwwer eraus gëtt et da keng Steierprogressioun méi3.
Et brauch deemno onbedéngt eng Auswäitung vun den eenzele Steierstufen, déi zu enger Reduktioun vun der Steierlaascht fir déi kleng a mëttel Akomme féiert. Dogéint mussen déi ganz héich Akommen duerch eng Steierprogressioun vu méi Steierstufe méi staark belaascht ginn. Sou kann d’Kafkraaft vun de klengen a mëttleren Akommen ofgeséchert ginn an et gëtt verhënnert, dat grad dës Persounen déi schwéier Laascht vun der Kris mussen droen.
3. Digitalsteier
Wann een sech freet, wie fir dës Kris soll bezuelen, muss ee sech och froen, wien am meeschten dovu profitéiert. Dat si virun allem déi digital Konzerner, déi vun enger warscheinlech dauerhafter Verännerung vun eisem Konsumverhalen an eisen Aarbechtsverhältnisser profitéieren. Et gëtt ëmmer méi online kaf, et gi méi Streaming-Déngschter genotzt an duerch den immense Succès vum Home-Office sinn ëmmer méi digital Déngschtleeschtungen néideg, déi dësen och erméiglechen.
Trotzdeem ënnerleien déi digital Geschäftsmodeller am Duerchschnëtt an der EU nëmmen engem effektive Steiersaz vun 8,5%, wärend traditionell Betriber engem duerchschnëttlechen effektive Steiersaz vun 21 bis 23% ënnerleien4. Et gëtt dofir Zäit, nach eng Kéier iwwer eng europäesch Digitalsteier nozedenken. D’EU-Kommissioun, déi dës Propose schonn 2018 ausgeschafft hat, huet prognostizéiert, dass eleng schonn duerch eng Digitalsteier vu grad emol 3% op déi gréissten digital Konzerner insgesamt 5 Milliarden Euro kéinten eragespullt ginn5. Mee do muss nach méi geschéien, fir eng richteg Steiergerechtegkeet tëscht den traditionellen an den digitale Konzerner ze erméiglechen a fir déi néideg finanziell Ressourcen ze generéieren, fir aus dëser Kris erauszekommen.
4. Finanztransaktiounssteier
Berechnunge vun der Europäescher Kommissioun hunn erginn, dass esou eng Finanztransaktiounssteier Recettë vu bis zu 57 Milliarden Euro an den EU-Budget kéint spullen6. Eng Steier vun 0,2% op all Transaktioun vu Wäertpabeiere wier eng konkret Piste, déi, wann europawäit agefouert, net zu engem kompetitiven Nodeel fir Lëtzebuerg féiere géif. Heimat kéint een déi Investisseuren, déi just op de kuerzfristege Profit aus sinn an iwwerhaapt keng Intentioun hunn, hiren Deel zum Opbau vun enger méi nohalteger Wirtschaft bäizedroen, e klengt Stéck ausbremsen. Et ass un der Zäit, dass eng europawäit Finanztransaktiounssteier agefouert gëtt! D’Staats- a Regierungscheffe mussen hier Versprieche vun no der Finanzkris 2008 endlech ëmsetzen.
Fir dass elo net déi méi schwaach, manner räich Leit an Zukunft ënnert dëser Kris leiden, muss de Staat elo de richtege Framing setzen, fir och an Zukunft sengen Ufuerderunge gerecht ze ginn. Et sollt een di aktuell Lag als Chance notzen, fir d’Transitioun vum „Sozialstaat“ zu engem „fairen, ökologeschen an nohaltege Staat“ ze realiséieren.
Ökologesch, well een duerch d’Recetten aus de proposéierte Steieren d’Produktioun an d’Consommatioun no dëser Kris méi lokal ausriichten an déi national Betriber elo mat zousätzlechen Hëllefen op déi ökologesch Transitioun virbereede kann. Well haut ass et nämlech nach déi sanitär Kris, mee muer steet d’Klima-Kris virun der Dier, op déi jidderee muss virbereet ginn.
Fair, well een der aktueller Entwécklung vun der Digitalisatioun muss Rechnung droen. Dat als éischt, andeems ee fir eng Steiergerechtegkeet tëscht den digitalen an traditionelle Betriber suergt. Mee och andeems ee mat engem „soziale Faangnetz“ all Mënsch opfänkt, dee bei dëser digitaler Transitioun net nokënnt. Net all Mënsch kann op den Zuch sprangen, säi Beruff wiesselen a sech an engem héichproduktiven digitale Marché etabléieren a muss dofir fréizäiteg vum Staat gehollef kréien.
Nohalteg, well elo grad déi Beruffer, déi sech an dëser Kris als existenziell erausgestallt hunn, kënne laangfristeg opgewäert ginn. Dat mat engem „Critère de penibilité“, deen der physescher a mentaler Belaaschtung vun de Beruffer Rechnung dréit, mat enger Erhéijung vum Mindestloun, mat méi flexiblen Aarbechtszäiten a mat der Aféierung vun der 35-Stonne-Woch. Mee nohalteg och an deem Sënn, well een de Sozialstaat ausbauen a verbessere kann. Dëse muss nämlech an Zukunft „a priori“ gräifen, dat heescht genuch Sozialinstrumenter a sengem Arsenal hunn, fir kënnen am Viraus ze wierken. Sou kann ee vermeiden, dass Leit an Zukunft op der Streck bleiwen, an et géif och an der politescher Landschaft dofir gesuergt ginn, dass de rietsen Tendenzen am Viraus de Wand aus de Seegele geholl gëtt, soudass an Zukunft all aner Kris solidaresch kann entgéintgesteiert ginn.
1 Wealth-X, World Ultra Health Report 2019, S. 14
2 https://paperjam.lu/article/news-qui-sont-les-17-milliardaires-au-luxembourg
3 Gouvernement luxembourgeois (2019). Barèmes de l’impôt. Abgerufen am 22.4.2020 auf https://bit.ly/2XHmUhT.
4 Europäische Kommission (2017). Ein faires und effizientes Steuersystem in der Europäischen Union für den digitalen Binnenmarkt. PDF-Dokument, abgerufen am 16.4.2020 auf https://ec.europa.eu/taxation_customs/business/company-tax/fair-taxation-digital-economy_de.
5 European Commission (2018). Questions and Answers on a Fair and Efficient Tax System in the EU for the Digital Single Market. PDF-Datei, abgerufen am 16.4.2020 auf https://ec.europa.eu/commission/presscorner/detail/en/MEMO_18_2141.
6 Proposal for a Council Directive on a common system of financial transaction tax and amending Directive 2008/7/EC, S. 11
@Arthur:
Impôt sur la grande fortune (ISGF) géing sech just op d'Verméigen vun deene Leit bezéie déi ee Gesamtvaleur vun iwwert 30Mio Dollar besetzen. ( emgerechent 27,7 mio € wäert sinn).
Dat sinn nämlech déi sougenannt: Ultra high-net-worth individual.
Mat beschte Gréiss,
Amir Vesali
"...kéinten ënnert anerem grouss Proprietairen zum, Beispiell opgrond vum reelle Maartwäert vun hiren Immobilie méi effizient besteiert ginn. "
D'Baueren? Do hunn sech an deene leschten 80 Joer scho vill Leit d'Zänn ausgebass.
Wann et fir een ass, dann och fir deen aneren.
Wann äert Elterenhaus zu Bouneweg mat 1,5 Millioune besteiert gëtt amplaz mat engem Einheitswert vu 9000, da gëtt et awer Heulen und Zähneknirschen.
@mike: Vu les salaires et primes dans le secteur privé, mieux les niveler vers le bas. De même supprimer les congés extraordinaires, familiales, les subsides, les allocations de chômage partiel payées pendant cette crise. Pour information, une grande partie des membres de la FP était à leurs postes. Notons la Poste, CGDIS,Police,les fonctionnaires détachés au besoin de la cellule de crise, les fonctionnaires assurants le payements du chômage partiel,.......Mike , étiez -vous à votre poste? L’état n’a-t-il subventionné votre congé extraordinaire Covid ? Arrêtez le harcèlement envers d’autres , qui étaient garants du fonctionnement de notre vie les dernières semaines.
Se serait déjà pas mal si tous les fonctionnaires européens payeraient des impôts et sécurité social comme les employés privés,et puis nos fontionnaires luxbg.renoncent à leur 13ème mois,vu les salaires.Et n'oublions pas que beaucoup de grandes sociétés ne payent qu'un impôt dérisoire....