Vum Gianni Di Paoli an Lele Jules Yin
68 Joer ass et hier, dass de Robert Schuman, deemolegen Ausseminister vu Frankräich, um 9. Mee 1950 de Schuman-Plang zur Schafung vun enger Unioun fir eng gemeinsam Stol- a Kuelenindustrie virgestallt huet. All Grond also, fir besonnesch am no him benanntene Lycée Robert Schuman d’Fête de l’Europe eescht ze huelen, an dowéinst gouf et mëttwochs, de 9. Mee och eng grouss Festivitéit am Festsall vum LRSL.
De ganzen Dag stoung Europa am Mëttelpunkt am LRSL, an d’Schüler hunn eng grouss Fête de l’Europe op d’Been gestallt. Als «Ecole ambassadrice» huet sech de Lycée Robert Schuman op de Fändel geschriwwen, déi europäesch Wäerter héichzehalen, an ënnert dem Motto vun «European Values» sollten dës Wäerter an de Mëttelpunkt geréckelt ginn, déi Europa esou wichteg fir déi eenzel Staate maachen.
De Projet «Ecole ambassadrice» ass vum EU-Parlament an d’Liewe geruff ginn a gëtt vu motivéierte Junior-Ambassadeuren an de jeeweilege Lycéeë gedroen. Junior-Ambassadeure sinn – wéi den Numm et scho verréit – Schüler, déi déif vun der Iddi vun Europa a senge Wäerter iwwerzeegt sinn an zur Missioun hunn, hire Matschüler – an domat eben der ganzer haiteger Jugend – Europa méi no ze bréngen. Fir dat ze realiséieren, ënnerhalen déi jonk EU-Ambassadeure vum Lycée Robert Schuman en Infostand, un deem een ënner anerem Broschüren iwwert d’EU fënnt; zousätzlech dozou organiséiere si och intressant Ausflich, bei deenen d’Schüler Europa méi no erliewe kënnen.
Aus dësem Projet eraus hunn och d’Junior-Ambassadeure vum LRSL déi grouss Festivitéit am Lycée organiséiert. Eng 35 Schüler tëschent 18 a 25 Joer, déi all un engem «Erasmus+»-Projet vun der «Ecole de musique de l’UGDA» deelhuelen an ënnert anerem aus Frankräich, Portugal, der Tierkei, Griicheland, Lettland oder der Slowakei kommen, si fir d’Fête de l’Europe op Besuch komm, fir dësen Dag gemeinsam mat Schüler vun den Troixièmen an Deuxièmë vum Lycée Robert Schuman ze feieren. No enger kuerzer Begréissung vun der Directrice vum Lycée Robert Schuman, der Madamm Michèle Remakel, sinn d’Schüler aus dem Lycée a vum «Erasmus+» an zwielef kleng Gruppen agedeelt ginn.
D’Fro vun de Grenzen
An zwielef Workshoppen hunn déi eenzel Gruppen zwielef verschidden europäesch Wäerter (wéi zum Beispill d’Fräiheet, d’Demokratie, de Fridden, d’Solidaritéit …), déi d’Junior-Ambassadeure schonn am Viraus definéiert haten, diskutéiert an an der Grupp aus hirem Point de vue nei ausgeschafft. An den eenzele Workshoppen haten d’Schüler vum Lycée mat de Jonke vum «Eramus+» en déiwe kulturellen Austausch am Zesummenhang mat deem Wäert, dee si am Workshop nei definéiert hunn. Ausserdeem sollte si och e symbolescht Bild eraussichen, dat hir Definitioun gutt representéiert.
Kuerz virun 11 Auer sinn dunn och déi prominent Invitéen agetraff. Dës waren de Marc Schoentgen, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, de Paul Scholer, Direkter vun der UGDA, de Charel Goerens an d’Viviane Reding, allen zwee Europadeputéiert, d’Elisabeth Margue an den Alex Donnersbach, allen zwee Jugendpolitiker, souwéi de Premierminister Xavier Bettel. Um Punkt 11 Auer ass déi offiziell Zeremonie lassgaangen. Ugefaangen huet dës mat enger Ried vun der Madamm Remakel, déi un déi europäesch Wäerter appelléiert huet. Weidergaangen ass et mam Ben Farschon, engem Schüler vun der 2e D vum Lycée Robert Schuman a Junior-Ambassadeur, deen en Discours iwwert déi national an déi europäesch Identitéit gehalen huet. Duerno krut all eenzel vun deenen zwielef Gruppe kuerz Zäit, fir op der Bühn hiren Atelier virzestellen. Eenzel Gruppen hunn hei och d’Geleeënheet ergraff, fir ganz perséinlech Geschichten am Zesummenhang mat deem Wäert, dee si virgestallt hunn, mat deenen aneren ze deelen. Weidergaangen ass et mat enger Ried vum Paul Scholer, deen eppes zum «Erasmus+» mat der «Ecole de la musique de l’UGDA» erzielt huet. Am Uschloss dorunner sinn déi jonk «Erasmus+»-Deelhueler all no vir op d’Bühn komm, fir d’Lidd «HumanHymne – Un Hymne pour l’Europe» virzedroen, eng vu Schüler ëmgeschriwwe Versioun vun der europäescher Hymn, déi souwuel een Deel vum Text vun dëser enthält als och ee vun der Deklaratioun vun de Mënscherechter.
Zu gudder Lescht gouf et nach eng Ried vum Premierminister Xavier Bettel, deen de Schüler wollt de Message iwwermëttelen, dass et un hinnen ass, fir d’Zukunft vun Europa ze gestalten, an dass et, egal wat ee léiert, immens wichteg ass, ëmmer d’Aen opzehale fir nei Saachen, well et gëtt schonn eleng an der EU sou vill ze entdecken an et ass wichteg, sech net all deene Saachen ze verschléissen. Zum Ofschloss vum Event gouf een Europa-Kuch vun den Éiereninvitéen ugeschnidden an et gouf sech nach bei enger Receptioun ausgetosch.
D’Schüler vun der LRSL-Schülerzeitung «Fënnef vir Zwou» haten awer och nach d’Geleeënheet, sech kuerz mam Här Bettel iwwert d’Wäerter vun der EU an hir Zukunft ze ënnerhalen. Lëtzebuerg spillt laut dem Premier haut nach eng wichteg Roll an der EU, well mir e Grënnungsmember sinn an oft d’Roll vun engem Mediateur iwwerhuelen, well mir net ewéi déi grouss Natiounen en Egosvirworf kënne gemaach kréien, mir hätten deemno an der Vermëttlung eng zentral Roll, a schliisslech goufen et jo och schonn dräi Lëtzebuerger Premierministeren, déi spéider President vun der Europäescher Kommissioun gi sinn.
Wat d’Grenzen ugeet, bräicht d’EU laut dem Staatsminister effizient Grenzkontrollen an eng gemeinsam Immigratiounspolitik, mee de Stacheldrot, woumat verschidde Länner schonn hir Grenze wëlle sécheren, wier do eng ganz falsch Richtung dofir. Hien ass awer net der Meenung, dass een déi «Vereenegt Staaten vun Europa» bräicht, fir um internationale Marché kompetitiv ze bleiwen, well wat de Konsum ugeet, wier d’EU schliisslech de gréisste Kontinent a bräicht sech dofir och net ze schummen. Et misst een elo awer och nom Brexit weisen, dass dat net alles ass, wat Europa ausmécht. Zu Europa gehéieren och aner Saachen, ewéi zum Beispill eist Kulturliewen.
Ob d’EU a gudden Hänn läit?
Mir hunn den Här Bettel dann och gefrot, wat hie vun der Ausso hält, dass vill Leit d’Gefill hätten, zu Bréissel géif iergendeppes iwwert hir Käpp ewech decidéiert ginn. Hien huet fonnt, dat wier komplett falsch, well mir all zesumme wiere schliisslech Bréissel: «Bréissel ass d’EU-Kommissioun, Bréissel ass d’EU-Parlament, Bréissel si mir!» Et wieren ebe keng Marsmännercher, déi do iergendwellech Saachen decidéieren. Säit dem Traité vu Lissabon hätten déi national Staaten jo och d’Méiglechkeet, ze soen, wann hinnen eppes net gefält, wat do decidéiert ginn ass. De Problem wier, dass verschidde Politiker d’Gewunnecht hätten, ze soen, si wieren dat gewiescht, wann eppes gutt leeft, mee wann eppes schlecht leeft, kéim et vu Bréissel, an déi Astellung wier ebe komplett falsch.
Mir hunn eis awer och d’Fro gestallt, firwat dann de 9. Mee, den Dag vun Europa, nach keen offizielle Feierdag wier. Den Här Bettel huet gemengt, dat géif dorunner leien, dass dës Decisioun e wirtschaftlechen Afloss hätt, et géif sech ëmmer dann d’Fro stellen, wien esou e Feierdag finanzéiert, well dat ass mat héije Käschte verbonnen. Hien denkt awer, wann eng Kéier e Feierdag sollt bäikommen, da wier den 9. Mee ganz sécher ee vun de gréisste Kandidaten.
Mir hunn dem Här Bettel duerno awer och nach e bëssi méi perséinlech Froe gestallt an zwar als éischt, wou hien da géif d’EU an zéng Joer gesinn. Hie gesäit d’EU ganz gutt opgestallt, mee si misst et méi fäerdegbréngen, de Leit d’Gefill ze ginn, dass si no bei de Bierger ass, woubäi den «Echange de citoyens» scho ganz gutt ass, well et wichteg ass, dass de Bierger bewosst ass, dass mir all vun der EU profitéieren.
Ob d’EU a gudden Hänn läit, seet de Xavier Bettel, géing och ganz dovunner ofhänken, wéi d’Leit an den nächste Jore wiele wäerten. Hien hofft, dass si sech bewosst sinn, wat mir zesummen erreecht hunn. Als Message un déi Jonk dobaussen sot hien, dass et virun allem em si geet, schliisslech wier d’EU e Friddensprojet, well déi jonk Generatiounen hu kee Krich kannt, dat sollt esou bleiwen a mir sollten och aus der Vergaangenheet léieren. «Europa ist unsere Zukunft, sonst haben wir keine», sot schonn den Hans-Dietrich Genscher, an dës Ausso ënnersträicht, dass virun allem an eiser haiteger globaliséierter a vernetzter Welt d’Wäerter vun der EU héichgehale musse ginn.
Wer Europa sagt sollte auch sagen.Europa steht für Neoliberalismus und Wirtschaft. Europa steht für Waffenhandel und militärische Aufrüstung, kalter Krieg.Europa schaut weg, wenn demokratische Rechte mit Füssen getreten werden.(Türkei) Europa steht nicht für soziale Politik.Europa beteiligt sich an Kriegshandlungen. (Syrien) Eine Warnung an uns sollte das Vorgehen der EU im Fall Galvalange sein.