Headlines

ForumD’Superwaljoer an d’Fro vum Spigelbild vun der Gesellschaft

Forum / D’Superwaljoer an d’Fro vum Spigelbild vun der Gesellschaft
 Foto: Editpress-Archiv/François Aussems

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

2023 ass e Superwaljoer. Dat bedeit, dass déi walberechtegt Bierger zweemol wiele ginn. Den 11. Juni ginn d’Kaarten op kommunalem Niveau nei gemëscht an den 8. Oktober gëtt en neit Parlament bestëmmt. Wärend d’Zesummesetzung vun de Gemengeréit am Land gemengerhand zimmlech heterogen ass, stellt sech besonnesch bei der Chamber ëmmer nees d’Fro no hirer Representativitéit. Mee loosse mer eis emol fir d’éischt mat de Gemengewale befaassen an uschléissend e Bléck op d’Chamberwale geheien.

Den 12. Abrëll war déi lescht Geleeënheet, fir sech als Kandidat bei de Gemengewale vum 11. Juni anzeschreiwen. 56 Gemenge wäerten dës Kéier am Proporz-System wielen. Dat sinn der zéng méi wéi nach 2017. Dat sinn der esou vill wéi nach ni virdrun.

D’Ursaach ass déi demografesch Entwécklung vun eisem Land. A siwe Proporz-Gemengen trieden awer keng Parteien un. Et stellt ee sech onweigerlech d’Fro, op de Seuil vun 3.000 Awunner net ze niddreg ass, fir vum Majorz- an de Proporz-System ze wiesselen.

De Syvicol, den Daachverband vun de Stied a Gemengen hei zu Lëtzebuerg, huet a sengem Positiounspabeier „Des communes fortes et autonomes au service des citoyens – 36 propositions pour la prochaine période législative“ proposéiert, fir dëse Seuil op 6.000 Awunner eropzesetzen, an dat aus verschiddene Grënn, wéi een an deem Dokument liese kann: „On observe dans la pratique que ce changement de régime pose beaucoup de problèmes. En effet, si, dans le système de la majorité relative, chaque citoyen majeur peut en principe se porter candidat en son nom personnel, le système de la représentation proportionnelle exige la constitution de listes électorales. Toutes les personnes intéressées à présenter une candidature dans le système de la majorité relative ne sont pas membres d’un parti politique et ne se sentent pas forcément attirées par les différentes sensibilités. L’obligation de figurer sur une liste de candidats peut alors constituer un obstacle pour certaines personnes intéressées à s’impliquer dans la politique communale.“

Et fält och op, datt a verschidde Gemengen, wou fir d’Gemengewale vun 2017 nach Partei-Lëschten opgestallt goufen, haut déi eng oder aner Partei keng Partei-Lëscht méi huet respektiv déi Partei-Lëschten dës Kéier duerch Biergerlëschten ersat goufen. De Syvicol huet och dës Entwécklung opgezeechent: „De la même manière, ceux qui désirent présenter une liste ont souvent des problèmes à trouver suffisamment de candidats, étant donné qu’il importe – même si ce n’est pas une obligation – de rassembler autant de candidats qu’il y a de postes à pourvoir. De fait, le changement de système électoral entraîne une multiplication du nombre des candidats. Le Syvicol reconnaît l’utilité des deux systèmes, mais estime que les avantages de la représentation proportionnelle jouent surtout dans les communes plus grandes, où le choix des électeurs est moins guidé par des connaissances personnelles que par les programmes des différents partis ou groupements.“

D’Inneministesch Taina Bofferding huet d’Propos vum Syvicol net gutt fonnt. Et stellt sech d’Fro, firwat. Ass de Grond vläicht einfach schonns eleng deen, datt se net aus der rue Beaumont koum? Et stellt een allerdéngs och fest, dass d’Sozialisten, der Inneministesch hir eege Partei also, genausou Krämpes haten, fir an der enger oder anerer Gemeng Lëschten opzestellen, wéi all déi aner traditionell Parteien och … a generell och Problemer haten, fir mat komplette Lëschten unzetrieden.

Och wann der Madamm Inneministesch déi Zuel vu 6.000 ze héich ass, hätt si awer kënnen eng politesch Diskussioun mat de Parteien an der Chamber lancéieren. Soit!

Den 11. Juni gëtt esou oder esou richteg spannend. Et stellt sech d’Fro, wéi eng Parteie gestäerkt aus de Gemengewalen ervirginn an esou een zolitt Fundament fir d’Chamberwale vum 8. Oktober leeë kënnen. Aneschters wéi bei de Gemengewale wäerten d’Parteien dann awer keng Problemer beim Opstelle vun de Lëschten hunn. Do gëtt et bekanntlech ëmmer vill méi Kandidate wéi Plazen …

U sech wär an dëser Legislaturperiod och d’Geleeënheet gewiescht, fir haart iwwer d’Mandatstrennung nozedenken an och d’Walen, d.h. d’Gemengewalen an d’Chamberwalen, deselwechten Dag ofzehalen. Dann hätten der vill – ech selwer och – wuel oder iwwel missten ee Choix maachen. Schued, dass an där Hisiicht de politesche Courage gefeelt huet an et emol net usazweis zu Diskussioune bei de eenzele Parteien an am ganze politesche Spektrum koum. Mat der Mandatstrennung hätt ee sech och mat der Iddi vun enger „Chambre des élus locaux“ oder enger „Chambre des communes“ missen auserneesetzen. Mee duerfir ass et elo ze spéit.

8. Oktober: Chamberwalen

Mëtt oder Enn August wäerten déi nei Schäfferéit vereedegt sinn. An da geet et mat grousse Schrëtt a Richtung Chamberwalen. Enn November, Ufank Dezember wäerten dann déi nei Ministere vum Grand-Duc vereedegt ginn.

Et ass nach e Stéck bis dohinner an u sech e gudden Zäitpunkt, fir eng Rei Reflexiounen iwwer d’Kompositioun vun der Chamber ze maachen, vun där et am Artikel 50 vun eiser Constitutioun heescht: „La Chambre des députés représente le pays. Les députés votent sans en référer à leurs commettants et ne peuvent avoir en vue que les intérêts généraux du Grand-Duché.»

D’Chamber soll u sech ee Spigelbild vun eiser Gesellschaft sinn. An hir sollen idealerweis all Beruffsstänn a gesellschaftlech Schichte representéiert sinn, fir datt si eng Stëmm um Krautmaart hunn, do vertruede sinn a sech Gehéier kënne verschafen.

No de Wale vum Juni 1914 ass de Jean Schortgen als éischten Aarbechter an d’Chamber gewielt ginn. Bis zu sengem trageschen Doud, den 1. Mee 1918, huet hien – dee selwer an der Minn zu Téiteng geschafft huet – sech fir besser Aarbechtskonditiounen a fir dat haart Lous vun de Biergaarbechter agesat. Hie war souzesoen ee Pionéier.

Joerzéngtelaang huet een an der Chamber queesch duerch d’Parteielandschaft Aarbechter an Handwierker fonnt, also manuell schaffend Leit an net nëmmen Akademiker. Am Joer 2023 gesäit dat awer ganz aneschters aus. Haut gëtt et keen Aarbechter méi an der Chamber an och keen Handwierker méi. Keen Independant méi, kee Patron méi vun engem Handwierksbetrib oder vun engem Geschäft. An et gëtt och kee Bauer méi an der Chamber. A keen Dokter. An där nach vill méi.

An der Zäit, ech schwätze vun den 1950er-, 1960er-, 1970er- an nach deelweis den 1980er-Joren, war dat nach aneschters. Do waren an der Chamber vill méi Beruffsgruppe vertrueden. Intressant ass et an deem Kontext, e Bléck op de 60 Deputéierten hire Beruff respektiv hir Formatioun ze werfen. Aktuell sinn eelef vun de 60 Deputéierte vu Formatioun Jurist. Méi wéi d’Hallschent vun hinnen ass nach um Barreau ageschriwwen a fënnt nach Zäit, nieft hirer Aarbecht um Krautmaart als Affekot ze schaffen. „Keng aner Beruffsgrupp ass besser an der Chamber vertrueden“, stellt de Journalist Maurice Molitor dann och an engem Kommentar op der Antenn vum Radio 100komma7 den 10. Februar 2023 fest.

Ech ginn d’Hoffnung net op, datt sech d’Parteie beim Zesummestelle vun de Lëschte fir d’Chamberwale méi Gedanken doriwwer maachen, wien se mathuelen. An datt erkannt gëtt, datt bestëmmte Beruffsstänn a gesellschaftlech Schichten um Krautmaart net méi representéiert sinn. Dat ass schlecht, well esou kënnen si net matschwätzen, wann et ëm Gesetzer geet, déi hire Beruffsstand an deem seng Zukunft betreffen.

D’Chamber soll idealerweis och eng gesond Mëschung tëschent Jonk an Al sinn. Gutt wär et och, wann nach méi staark a Richtung vun enger Paritéit tëschent Fraen a Männer um Krautmaart géing geschafft ginn. Aktuell sinn 21 vu 60 Deputéierte Fraen.

Den 8. Oktober steet vill um Spill. Fir déi aktuell Blo-Rout-Gréng-Regierung an och fir meng Partei, déi no zéng Joer an der Oppositioun erëm wëll zeréck an d’Verantwortung. An och fir all déi aner Parteien.

Mee virun allem steet fir eis all vill um Spill. A wéi eng Richtung soll eist Land sech an den nächsten 20 bis 30 Joer entwéckelen? Wéi grouss wëlle mir ginn? Wéi vill wëlle mir nach wuessen? Oder wëlle mir bleiwen, wat mir sinn?

Fir op dës Froen déi richteg Äntwerte kënnen ze ginn, misst d’Chamber a mengen Aen erëm méi e Spigelbild vun eiser Gesellschaft ginn. Duerfir och dëse Plädoyer fir eng besser Representativitéit an der Chamber.

Phil
27. April 2023 - 21.46

@Hottua
Der Wahlspruch „Mir wëlle bleiwen waat mir sinn“ findet seinen Ursprung in der sogenannten "Luxemburger Krise" während den Auseinandersetzungen um den beabsichtigten Kauf des Großherzogtums Luxemburg durch die französische Regierung unter Napoléon III. im Jahre 1867. Sie endete mit dem Zweiten Londoner Vertrag vom 11. Mai 1867, mit dem die Großmächte die Neutralität Luxemburgs vereinbarten. Sie verschärfte die Spannungen zwischen Frankreich und Preußen, die 1870 in den Deutsch-Französischen Krieg mündeten. In Luxemburg selbst waren französische Agenten aktiv geworden und hatten Zwischenfälle mit den preußischen Truppen provoziert. Damals gab es in Luxemburg unterschiedliche Bewegungen: Obwohl sie sich als „deutsch“ einstuften, hatten viele Luxemburger große Sympathien für Frankreich, viele ihrer armen Landsleute hatten dort Arbeit gefunden. Andererseits gab es eine starke Bewegung, die sich mit einer Petition an den König-Großherzog für den bestehenden Zustand aussprach. Damals wurde der Wahlspruch beliebt „Mir wëlle bleiwen waat mir sinn“ („Wir wollen bleiben, was wir sind“). Insgeheim war diese Bewegung von Prinz Heinrich angeregt worden, dem beim Volk sehr beliebten Statthalter in Luxemburg und Bruder des König-Großherzogs. Die internationale Diplomatie wurde aktiv und richtete eine internationale Konferenz zur Luxemburgkrise in London aus. Sie begann am 7. Mai. Beide Seiten zeigten sich kompromissbereit, und so schloss die Konferenz mit dem so genannten Zweiten Londoner Vertrag vom 11. Mai 1867 ab. (Quelle: Wikipedia "Luxemburgkrise")

Robert Hottua
23. April 2023 - 9.25

Guten Tag Herr Spautz,
Ihr Plädoyer für eine bessere Repräsentativität in der Chamber, dem Parlament also, empfinde ich als Aufruf an eine Weiterentwicklung der luxemburgischen Mentalität. Das päpstliche "Luxemburger Wort" hat ab 1933 einer Mentalität Vorschub geleistet, die letztlich zum Tod von 60 Millionen Menschen geführt hat. Diese ewige Schuld muss im lux. Parlament ihre Stimme an die Weltöffentlichkeit richten können. Das "Wir wollen bleiben, was wir sind" ist nicht gut für die Welt.
MfG
Robert Hottua