Headlines

WeihnachtsanspracheGroßherzog Henri: „Mir sinn eng fortschrëttlech Natioun, déi op Respekt baut“

Weihnachtsansprache / Großherzog Henri: „Mir sinn eng fortschrëttlech Natioun, déi op Respekt baut“
Großherzog Henri ruft alle in seiner Weihnachtsrede zu gegenseitigem Respekt auf Foto: Palais grand-ducal

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Klimawandel, Krieg in der Ukraine und Konflikte im Mittleren Osten: Großherzog Henri blickt in seiner Weihnachtsansprache auf ein bewegtes Jahr in Luxemburg zurück und appelliert an den Zusammenhalt und den gegenseitigen Respekt. 

Auch dieses Jahr stand die traditionelle Weihnachtsansprache von Großherzog Henri im Zeichen der Solidarität. Großherzog Henri erwähnte unter anderem das Thema Klimawandel. „Die Resultate der Klimakonferenz in Ägypten vergangenen Monat sind für die meisten enttäuschend“, sagt der Großherzog. Die russische Invasion in der Ukraine stelle alles infrage, worauf wir unsere friedliche Koexistenz aufgebaut haben: „Konflikte durch den Dialog zu lösen und nicht durch Gewalt.“ Im Iran und in Afghanistan seien Frauen weiterhin Opfer einer mittelalterlichen Gesinnung. „Ihnen zu helfen, eine Stimme zu geben und sie zu unterstützen, ist etwas, das mir und der Großherzogin ganz besonders am Herzen liegt.“

Trotzdem habe Luxemburg die Fähigkeit, diese komplizierten Zeiten zu meistern. „Unser Gesellschaftsmodell funktioniert nach dem Prinzip des Zusammenlebens“, heißt es in der Rede. Das bedeute zum einen ein friedliches Nebeneinander und zum anderen auch eine gerechte Aufteilung des Reichtums. Denn auch in Luxemburg gebe es Menschen, die riskieren, in die Armut zu fallen. Vor allem in Krisenzeiten dürfe der Graben zwischen Arm und Reich nicht noch größer werden.

Luxemburg sei eine fortschrittliche Nation, die sich Respekt auf die Fahne geschrieben habe. „Respekt für unsere Mitmenschen, für die universalen Werte und für unsere Umwelt“, so der Großherzog. Niemand wisse, was 2023 bringe, aber wir alle müssen uns laut dem „Grand-Duc“ weiter dafür einsetzen, unser Gesellschaftsmodell aufrechtzuerhalten. „Das sind wir uns schuldig, und besonders den nächsten Generationen.“

Die komplette Rede

Léif Matbierger,

No engem schwierege Joer 2021 war och dëst ee speziellt Joer.

Eis Ëmwelt steet weider ënner groussem Drock. D’Resultater vun der Klimakonferenz an Ägypten de leschte Mount si fir déi meescht vun eis ganz enttäuschend. Et konnt zwar en Accord fonnt ginn, fir de betraffene Länner ze hëllefen, d’Konsequenze vum Klimawandel besser ze meeschteren. Mä et si keng konkret Fortschrëtter a Saache Reduktioun vun CO2-Emissiounen oder beim Erausklammen aus de fossillen Energië gemaach ginn.

Och d‘militäresch Konflikter uechter d‘Welt hu sech verschlëmmert, Millioune Mënsche sinn op der Sich no enger sécherer Heemecht.

Déi russesch Invasioun vun der Ukrain, e brutalen Agressiounskrich, stellt alles a Fro wourop mir, zënter 1945, eis friddlech Koexistenz opgebaut hunn: Konflikter duerch en Dialog ze léisen an net duerch Gewalt. D’Konsequenze vun dësem Krich hu weltwäit en negativen Impakt.

Gläichzäiteg gesi mir wéi am Iran, wéi och am Afghanistan, Fraen a Meedercher weider ouni Récksiicht ënnerdréckt, mësshandelt an esouguer ëmbruecht ginn. Besonnesch am Afghanistan bleiwe se Affer vun enger Gesënnung, déi déif am Mëttelalter verankert ass. Hinnen ze hëllefen, hinnen eng Stëmm ze ginn a si ze ënnerstëtzen, ass en Uleies, dat mir an der Grande-Duchesse ganz besonnesch um Häerz läit.

Wat seet dat eis?

Gi mer just duerch eng komplizéiert Phas oder musse mir eis Gewunnechten änneren? Déi Fro kënne mer eis mëttlerweil stellen, well mer seelen eng Situatioun haten, wou souvill besuergend Entwécklungen zesummekomm sinn.

Léif Leit alleguer,

Ech sinn trotz allem iwwerzeegt, no all deene Joren, déi ech dësem Land als Staatschef gedéngt hunn, datt Lëtzebuerg déi néideg Capacitéiten huet, dës komplizéiert Zäiten ze meeschteren. Aus Erfarung wësse mer, datt mir d‘Fäegkeet hunn, eis Stäerkten ze notzen, fir eis enger neier Situatioun unzepassen.

Zu eise Stäerkte gehéiert eise resoluten Engagement fir de Fridden an Europa. Mir hu viru 70 Joer ganz bewosst, och wann et schwéier war, e Stréch ënnert den Zweete Weltkrich gezunn, fir en neit Europa opzebauen, an eng méi gerecht Weltuerdnung, duerch d’UNO, ze sécheren.

Mir hunn och ganz fréi erkannt, datt eis Intressen an eis Sécherheet vill besser an enger Europäescher Unioun an an der NATO opgehuewe sinn, wéi wa mer eleng do stéingen.

Eist Land ass oppen an huet et verstanen, iwwer seng Grenzen eraus an der Groussregioun, mat eisen Noperen a Belgien, Däitschland a Frankräich, eng besonnesch enk Zesummenaarbecht ze schafen, déi vill Mënschen eng stabel Existenz garantéiert. Eise Gesellschaftsmodell fonctionéiert nom Prinzip vum Zesummeliewen. Zesummeliewen heescht an dësem Fall e friddlecht Nieftenee vu Mënschen aus iwwer 170 Länner.

Zesummeliewen heescht awer och eng gerecht Opdeelung vun eisem Räichtum, eng stänneg Suerg, datt de Gruef tëscht Aarmen a Räichen net méi grouss gëtt, speziell a Krisenzäiten.

Trotzdeem ginn et och hei am Land vill Leit, deenen et wirtschaftlech net gutt geet, a Persounen, déi riskéieren, an d’Aarmut ze falen. D’aktuell Situatioun mécht et fir vill Mënschen ëmmer méi schwéier, iwwer d’Ronnen ze kommen. Si brauche weider Ënnerstëtzung.

Dofir ass et ëmsou méi wichteg, dass eis Gesellschaft inklusiv ass, déi versicht, jidderengem d’Geleeënheet ze ginn, sech ze realiséieren a säi Wee ze fannen.

Mir hunn déi grouss Chance, an engem demokratesche Land ze liewen, wou reegelméisseg Wale sinn a wou mir eis Gesellschaft kënne mat gestalten. Eis Wirtschaft berout op der Privatinitiativ, ënnerstëtzt vun eisen Institutiounen a gereegelt vum Gesetz. D‘Regierung, d’Gewerkschaften an d‘Patronat beroden zesummen, wéi déi verschidden Intressen, déi si vertrieden, an engem Kompromëss kënne verbonne ginn, fir de soziale Fridden an eisem Land ze garantéieren.

Mir setzen eis an, iwwerall wou et méiglech ass, fir méi Demokratie a Respekt vun de Mënscherechter. Mir hëllefen aktiv deene Länner, deenen et manner gutt geet. Mir huele vill Mënschen op, deenen hir Existenz bei sech doheem a Gefor ass. Dat ass eis Flicht als Gesellschaft an als Land.

Léif Matbierger,

Mir sinn eng fortschrëttlech Natioun, déi op Respekt baut, Respekt fir eis Matmënschen, fir déi universal Wäerter a fir eis Ëmwelt. Dat si keng eidel Wierder, keng al Clichéen, mee d‘Grondwäerter, op déi eis Existenz an eis Zukunft berouen.

Wa mir et fäerdeg bréngen, dës Astellung och iwwer eis Grenzen eraus ze vermëttelen, dann hu mer e konkreten a wichtege Beitrag geleescht fir eng méi mënschlech Welt.

Léif Leit alleguer,

2023 steet virun der Dier. Mir wëssen net, wat geschéie wäert, mee ech si sécher, datt mir alleguer, Lëtzebuerger, eis auslännesch Matbierger an d‘Awunner aus der Groussregioun, déi hei am Land schaffen, eis weider dofir asetze wäerten, eise Gesellschaftsmodell oprechtzehalen. Dat si mer eis schëlleg, a besonnesch deenen nächste Generatiounen.

An deem Sënn wënschen ech Iech, mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume, der Prinzessin Stéphanie, dem klenge Prënz Charles an all eise Kanner, vu ganzem Häerze schéi Chrëschtdeeg an all Guddes fir d’neit Joer.

Joyeux Noël et bonne Année!

Schöne Weihnachten und ein frohes neues Jahr!

Bom natal e feliz anno nuovo!

Merry Christmas and a Happy New Year!

ruthenau
27. Dezember 2022 - 19.27

Wa mer fortschrëttlech wäre, da wärst du net do, Lannenhari.

Lemmi
27. Dezember 2022 - 17.30

Mat Steiergelder séch breicheren,Paläst,Luxuswunnéngen etc.
am Ausland kaafen,op Staatskäschten am Ländle wunnen,
dobei nach d'Leit vir domm an blöd haalen mat deem topéchen
Gelaabers,ëtt kritt een eng Knupp an den Hals,deen Normalbierger
muss kämpfen fir iwert d'Ronnen ze kommen, waat soll daat doten
nach alles, schnellstens déi mëttelalterléch Monarchie ofschaafen,
ëtt sténkt bis zum Himmel.

Tola
27. Dezember 2022 - 13.33

"An deem Sënn wënschen ech Iech, mat der Grande-Duchesse, "

D'Grande-Duchesse läit um Kierfecht, dat do ass just deng Fra, Hari.

Zeehl
27. Dezember 2022 - 13.29

Milliardär mat Schlässer an e puer Länner, zielt eis wéi haart d'Liewen ass.
Fort domat.

Heini
26. Dezember 2022 - 8.31

Daat ganzt politëscht verluge Show-Gesabbels ass einfach
nëtt méi tragbar,déi haalen d'Vollék nach wie vor ëmmer méi
fir domm,d'Welt brennt an déi Bonzen do behuelen séch nawell
lamentabel an armsélég. Merde alors.

Tirri
25. Dezember 2022 - 21.09

Respekt ass ëppes aaneschtes,déi dooten kennen daat nëtt,
soss giff déi kléng Madame vum Haff do séch aanescht behuelen.
Esou een Gelaaber kann een nëtt méi erdrohen.
Alles eng arrogant Show.

Phil
25. Dezember 2022 - 18.42

"e brutalen Agressiounskrich, stellt alles a Fro wourop mir, zënter 1945, eis friddlech Koexistenz opgebaut hunn"
do war jo awer och nach den Korea, Vietnam, Afghanistan, Lateinamerika wou den Agressor d'USA war.

"Zesummeliewen heescht an dësem Fall e friddlecht Niefteneen vu Mënschen aus iwwer 170 Länner."...
ähm, dat gesäit um Terrain awer e bessen anerschters aus... frot mol d'Police.

"Mir hunn déi grouss Chance an engem demokratesche Land ze liewen, wou reegelméisseg Wale sinn..."
déi als solches awer net dem Wieler sein Wëllen erëmgin.

"Wa mir et fäerdeg bréngen, dës Astellung och iwwer eis Grenzen eraus ze vermëttelen,"...
déi Werter gin eíschter iwwert eis Grenzen eran vermëttelt.

Dat kann dach net sënn
25. Dezember 2022 - 15.32

R e s p e k t ... wéi wat wou a vu weem v.à.v. vu weem? S.A.R. soll senger léiwer Madämmchen emol erkären wat Respekt ass.

Claudette
25. Dezember 2022 - 13.32

Lannenhari, stay home!

Quak
25. Dezember 2022 - 1.55

Ech hu Respekt virun deenen Zensen

Hannibal
24. Dezember 2022 - 18.16

"Eng fortschrëttléch Natioun,déi op Respekt baut,"
Monarchie ower nëtt, daat ass Mëttelalter, esou wéi
verschidde Leit séch do hannert den Schlassmauern
behuelen.

viviane
24. Dezember 2022 - 18.13

Hoffentlech ass hie fir dëse Kabes net extra vu Biarritz of Lëtzebuerg komm.