Headlines

ZäitgeschichtEch kucken net

Zäitgeschicht / Ech kucken net
 Karikatur: Carlo Schneider

Jetzt weiterlesen! !

Für 0.99 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Ech kucken net. Dat ass eng Entscheedung, déi mer net einfach fält. Och wann d’Azzurri, zu deenen ech gehalen hätt, schonn nees net dobäi sinn. An d’Rout Léiwen nach net. Dës Entscheedung ass mer schwéiergefall, well ech vu Klengem un all WM gekuckt hunn. Zanter der WM an Däitschland 1974, wou ech néng Joer hat. D’WMen hunn zanterhier mäi Liewe rythméiert, ikonesch Momenter hunn sech a menger an an eiser Mémoire agepreegt.

D’Pompjeeën, déi d’Waasser vum Terrain virun Däitschland-Polen ofgedroen hunn, dat Bild ass eng vu menge bleiwenden Erënnerungen 1974, wéi ech mat mengem Bop d’Fussballkënschte vu Lato, Tomaszewski, Beckenbauer oder Gerd Müller suivéiert hunn. D’Goler an déi laang Hoer vum Argentinier Mario Kempes hunn ech 1978 owes spéit bewonnert. Déi éischt Wierder vum Kolleeg Renzo sengem Kand 1982 waren net Mamma a Pappa, mee Paolo a Rossi. D’Mätscher hu mer beim Conti, beim Modugno a beim Riganelli gekuckt. An d’Victoire vun den Azzurri hu mer bis an d’Nuecht era gefeiert, an de Stroosse vum Escher Grenzvéierel. 1986 hunn d’Bréisseler Studenten op de Soiréeë scho laang virun der WM ‚Mexico, Mexico, Mexico‘ gesongen, a mär hunn an eiser Examenszäit e Maradona vun engem anere Stär bewonnert. No der Hand Gottes 1986 koumen aner onvergiesslech Momenter dobäi wéi d’Black-Blanc-Beur-Euphorie vun 1998, d’Gaffe vum Kahn an der Finall 2002, d’Sommermärchen vun der Mannschaft oder de Coup de boule vum Zidane 2006 asw.

D’2000er Joren hu mer virun ëmmer méi groussen Teleeën déi wichteg Mätscher zu Happenings mat Famill a Frënn inszenéiert. Mam Public Viewing gouf et méiglech, net nëmmen am Stadion, mee och an all gréisser Stad kollektiv Fester am öffentleche Raum ze feieren.

Fir mech wéi fir déi méi wéi eng Milliard Leit, déi sech déi lescht WM-Finall tëscht Frankräich a Kroatien 2018 ugekuckt hunn, fungéiert Fussball als eng Zort zivil Relioun, grad an Zäiten, wou Ideologien a kollektiv Bindungen zeréckginn. Ouni dofir awer d’Aen ze verschléisse viru de méi wéi bedenklechen Entwécklungen: déi ëmmer méi grouss finanziell Enjeuxe ronderëm de Fussball, deen duerch d’Fernsehrechter an de leschte Joerzengte steeräich gouf, déi exzessiv Mediatiséierung, d’People-iséierung vu senge Staren, déi Honnertdausenden Euro pro Dag verdingen, déi nationalistesch a rassistesch Instrumentaliséierungen …

Grad well ech de Phänomen Fussball net idealiséieren, kann ech net anescht, wéi dës WM am Katar perséinlech ze boykottéieren. Och wann se awer stattfënnt. Och wann dat, iwwert d’Sensibiliséierung zu wichtege Froe wéi Mënscherechter a Klimaschutz eraus, ganz wéineg Impakt wäert hunn.

Vu Skandal zu Skandal

Hei geet et net ëm Kavaléiersdelikter, iwwert déi ee kéint ewechkucken. Hei geet et ëm ee vun de gréisste Skandaler an der Sportsgeschicht. Ee Skandal, deen zwar mat engem Vote a mam Katar ufängt, deen alles toppt a Saache Korruptioun, mee dee bis haut weidergeet. Vu Skandal zu Skandal. Mee eent nom aneren. 2. Dezember 2010: de Katar, dat Land, wat vun de FIFA-Inspekteren déi schlechtesten Zensur ausgestallt krut a wat keng Fussballtraditioun huet, kritt déi meeschte Stëmmen, am leschten Tour vum Vote vun der FIFA, 14 Stëmme géint 8 fir d’USA. Jore méi spéit, 2020, ginn dräi südamerikanesch Membere vum Comité exécutif wéinst Korruptioun vun der amerikanescher Justiz ugeklot. De Michel Platini gouf vum Nicolas Sarkozy an dem heitegen Emir vum Katar an engem Iessen am Elysée op d’Katar-Linn agestëmmt. Säi Bouf kritt am Dezember 2011 eng gutt Plaz bei Burrda Sport, eng Filial vu Qatar Sports Investments (QSI), an de Katar huet massiv a Frankräich an a säi Fussball investéiert (PSG, beIN Sports asw.). Hei enquêtéieren déi franséisch a Schwäizer Justiz. (Zur selwechter Zäit, 2011, mécht iwwregens den deemolege Finanzminister Luc Frieden en Alleingang a verkeeft en Drëttel vun den Aktien vu Cargolux u Qatar Airways, wat zu puer hëtzegen Debaten an der Chamber féiert. De Katar keeft deemools och en Deel vun der BIL op.)

Doriwwer eraus kann ech net eng WM kucken an engem Land, dat net nëmmen en autokratesche Régime huet, mee wat dobäi, wéi grad déi lescht Deeg kloer gewisen hunn a wéi den Editorial vu Le Monde vu gëschter et formuléiert, et mol net fir néideg fënnt „de trouver des accomodements pour assurer la meilleure cohabitation possible entre le conservatisme de l’émirat et l’accueil des citoyens du monde“. Fir d’éischt weisen déi homophob Aussoe vum WM-Botschafter vum Katar, Khalid Salman, datt entgéint offiziellen Aussoen homosexuell Persoune während der WM do a Gefor wäerte sinn. An da gëtt gëschter bekannt, och hei, trotz konträre Verspriechen, dass den Alkoholkonsum ronderëm d’Stadione verbueden ass.

Erlaabt mer dofir, nach eng Kéier kloerzestellen, a wéi engem Land den nächste Mount leider eng Fussball-WM gespillt gëtt a firwat ech domat e Problem hunn: Lëtzebuerg ass e Land vu Fräiheet a vu Respekt vun de Mënscherechter. De Katar ass de Géigendeel. Lëtzebuerg ass e Land, d’EU ass e Raum, wou Mënsche fräi sinn, hir Meenung ze äusseren, hir Weltanschauung a Relioun ze praktizéieren, sech a Parteie, Gewerkschaften an Associatioune fir hir Rechter anzesetzen. An der absoluter Monarchie Katar ass dat net de Fall. Am Géigesaz zu demokratesche Länner liewe Fraen am Katar net gläichberechtegt a fräi. An demokratesche Länner si Mënsche fräi, hir Identitéit ze assuméieren, wien se sinn, ouni dofir ausgeschloss oder diskriminéiert ze ginn. Dozou gehéiert och, hir sexuell Ausriichtung selwer ze wielen an ze weisen. Am Katar ass Homosexualitéit verbueden. Lëtzebuerg ass e Land, d’EU ass e Raum, wou Mënschen e Grondrecht op gesond, sécher a würdeg Aarbechtsbedingungen hunn, op Aarbechtszäiten, déi begrenzt sinn, op Roustonnen, Roudeeg, op bezuelte Congé. Déi Rechter ginn am Katar mat Féiss getrëppelt.

Wéi ech 1978, am Alter vun 13 Joer, fir verschidde Mätscher vun der WM an Argentinie bis an d’Nuecht opbliwwe sinn, wosst ech net, dass d’Militärjunta vum Generol Videla Dausende politesch Géigner gefoltert, aus Fligeren an d’Mier geheit an op déi verschiddenste Manéieren ëmbruecht huet, vill vun hinnen nëmmen e puer 100 Meter vum Estadio Monumental ewech, wou d’Finall gespillt gouf. Deemools hunn op d’mannst nach e puer bekannt Fussballspiller wéi den Dominique Rocheteau a Frankräich an den Oeki Hoekema an Holland déi Comitéen ënnerstëtzt, déi e Boykott fuerderen. Wéi am Dossier Katar hunn sech wirtschaftlech Interessen duerchgesat. Haut sinn ech, och dank enger kritescher Berichterstattung vun enger ganzer Rei europäescher Medien an der Aarbecht vun ONG wéi Amnesty International esou gutt opgekläert, dass mäi Fernseh ausbleift.

„Der große Deal“

À propos kritesch Medien: Liest den Artikel „Der große Deal“ an der Süddeutsche Zeitung vum 15. November. Hei gëtt gewisen, wéi de Skandal weidergeet. Am Géigesaz zu deem, wat d’amerikanesch Justizministerin Loretta Lynch sot an d’Schwäizer Justiz versprach huet, waren d’Enquêten an d’Verhaftungen ab 2015 vu FIFA-Funktionären, ronderëm d’Verginn vun der WM am Katar 2010, net den Ufank vun engem generellen Opraumen, vun enger „Juegd op FIFA-Ganoven ronderëm déi ganz Welt“.

Et ass villméi den amerikaneschen Autoritéite gelongen, engersäits de Blatter an de Platini ofzeseeën, déi 2010 d’USA-Kandidatur vermasselt haten, an anersäits een neie Mann un d’Spëtzt ze setzen, dee fir si schafft. An dee Mann heescht Gianni Infantino, ass Schwäizer a kandidéiert grad fir en drëtt Mandat als FIFA-Präsident. 2018 bedankt en sech bei den Amerikaner a passt op, dass et dës Kéier klappt an d’WM 2026 den USA (mat Mexiko a Kanada) zougesprach gëtt.

Mëttlerweil (2016) ass d’Weltöffenlechkeet duerch d’Panama Papers – dank der Aarbecht vun Zeitunge wéi der SZ a Le Monde – gewuer ginn, dass e gewëssen Gianni Infantino, deemools Vize-Generalsekretär vun der UEFA, 2006 en Deal gedréit huet mat enger südamerikanescher Famill an hirer Briefkastenfirma Cross Trading, mat Sëtz op enger Südseeinsel, ronderëm Champions-League-Rechter fir dräi Saisonen. An der Schwäiz gëtt zwar zanter 2020 géint den Infantino enquêtéiert, mee dat geschitt mat der Handbrems. Heizou d’Konklusioun vum Artikel vun der SZ: „Ein Sonderermittler wurde eingesetzt – und bald darauf wieder kaltgestellt. Inzwischen kümmern sich zwei Juristen um den Fall, die berühmt dafür sind, dass sie Verfahren lieber einstellen, als sie vor Gericht zu bringen. Aber selbst wenn man ihn mal verhören wollte: Der FIFA-Präsident ist für die Justiz leider schwer zu erreichen. Er lebt jetzt mit der Familie in Katar – und schaltet und waltet im globalen Fußball weiter, wie er will. Ob er sich in ein Flugzeug nach Bern setzen würde, sollten die Schweizer Behörden mit ihm reden wollen?“

D’Katar-WM vun den absolute Monarchen Al-Thani an Infantino kucken? Nee merci!

Phil
20. November 2022 - 18.09

Vu, dass déi Spiller jo mat villen Virurteeler an verschiddenen Ménungen behaftet sin, ass et net méi wéi richteg den Drock erauszehuelen an den Alkohol op der Säit ze loossen. Soss géifen sech der puer am Rausch nach d'Käpp aschloen. En plus ass et ganz gesond fir den Booze mol eng Zäit op der Säit ze loossen.

Robert Hottua
20. November 2022 - 16.56

Guten Tag Herr Scuto,
ab 1933 hat das päpstliche "Luxemburger Wort" sich vehement für die internationale Anerkennung eines diktatorischen Systems, in dem homosexuelle Menschen in Konzentrationslagern in todesnahe Folter-Situationen gebracht wurden, eingesetzt. Bis heute wird diese Tatortverantwortlichkeit in Luxemburg tabuisiert.
Der Historiker David KERTZER hat in seinem Buch "Der Erste Stellvertreter" auf die grauenhafte Verletzung von zivilisatorischen Werten durch den Vatikan seit der MUSSOLINI-Ära hingewiesen. Ich bin der Meinung, dass Sie Herr SCUTO, sowie Ihr Kollege, Herr ARTUSO, prädestiniert sind, diese globale Geschichte eines "grossen Deals" zu erläutern. Mit grosser Wahrscheinlichkeit hat sich auch der argentinische Mörder-Diktator an dem Masterplan gegen den gottlosen Kommunismus beteiligt.
MfG
Robert Hottua