Kachkéis a(n) (Nation) Branding – De Phänomen Superjhemp ënnert der kritescher Lupp

Kachkéis a(n) (Nation) Branding – De Phänomen Superjhemp ënnert der kritescher Lupp

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

En absolute Rekord gouf gebrach: Mat 43.120 Entréeën ass de „Superjhemp Retörns“ schonn um 29. November zum meeschtgekuckte lëtzebuergesche Kinosfilm ginn. Dass d’Comic-Adaptéierung filmesch gesinn net ëmrappt, ass eigentlech manner schlëmm wéi de Fait, dass hei eng jonk Equipe ee schrecklech reaktionäre Film aus der Virlag geschoustert huet. Eng Analys.

S wéi Shitstorm

Hei am Land gëtt et eng Fauschtregel: Wie sech mat engem Lëtzebuerger Erfollegsphänomen kritesch auserneesetzt, léist quasi automatesch ee Shitstorm aus. Woubäi sech d’Fro stellt: Wéisou eigentlech? Wéisou si mer esou empfindlech, wann een ee vun den Urlëtzebuerger Mythe mat enger gesonder Portioun Distanz analyséiert? Wuel well mer als klengt Land ee relativ zerbriechlecht kollektiivt Identitéitsgefill hunn a Figure wéi de Superjhemp eis kleng Natioun verbannen.

U wéi universell

Well genee wéi de Lëtzebuerger nach ëmmer, wann d’Nationalmannschaft am Ausland „just“ 3:1 verléiert, op eng lakonesch Aart Houfert empfënnt a vu Progrès schwätzt, sou soe mer eis wuel och, dass ee Film wéi de Superjhemp dach fir lëtzebuergesch Verhältnisser „guer net mol esou schlecht“ ass. Mëttlerweil gëtt deen iergerleche Mannerwäertegkeetskomplex, dee Lëtzebuerg säit éiweg plot, vill thematiséiert, mir ginn en awer nawell net lass a sinn dowéinst ëmmer nach gewinnt, eis eege Produktiounen anescht ze valoriséieren. Ob ee Film gutt oder schlecht ass, soll net no lëtzebuergeschem Moossstaf, ma no ästhetesche Critèren, déi universell gëllen, evaluéiert ginn.

P wéi Patriotismus

Dobäi funktionéiert de Film effektiv just op engem reng lëtzebuergesche Level. Dass de Plot null ass, dass d’Figuren d’Konsistenz vun engem vun deenen dënne Bliedercher, mat deenen ee sech geschwë legal den Joint kann dréinen, hunn, ass eigentlech egal. Well schliisslech geet et jo dorëms, dass een déi sëllechen Allusiounen op eist Land, eis Gesellschaft, eis Politiker soll matkréien. Problematesch ass hei just, dass de Film ëmmer da seriö gëtt, wann et ëm d’Verdeedegung vun eisem Land an der Monarchie geet. Sou huet de Charel Kuddel zum Beispill genee da säin dapere Moment, wann e wärend der Kréinung dem Béisen de „Feierwon“ ëm d’Ouere séngt – an d’Vollek sech mat him vereenegt, sou dass onse Bad Guy op eemol muechtlos ass.

E wéi ënnerhaalsam

Dat ass de Film ëmmerhin. Woumat en d’Minimalkritäre vun engem Blockbuster erreecht. D’Schauspiller maachen dat Bescht aus deenen dënne Rollen, déi hinnen operluecht goufen, an déi eng oder déi aner Pointe bréngt een effektiv zum Laachen. Oft grinst een awer grad dann, wann de Film dem Zuschauer seng ideologesch Messagë wéi ee schlecht gemaachte Propagandafilm aus engem autokratesche Regime an d’Gesiicht pucht.

R wéi reaktionär

Dass esou eng jonk Equipe hannert deem Film stécht, hätt ee sech iergendwéi net geduecht. Dem Félicie Fleck seng Begeeschterung fir de Superjhemp (natierlech mierkt keen, trotz dem risege Schnauz, dass de Charel Kuddel an de Jhemp eng an déi nämmlecht Persoun sinn, Superhelden-Trope oblige) gëtt ganz kloer als negativ valoriséiert: Hatt soll sech dach mol nees méi ëm déi eege Famill këmmeren, djö. Praktescherweis ass de Charel Kuddel awer de Superjhemp. Mir befannen eis hei an enger Ëmkéierung vun der Ödipus-Tragedie: Onpraktescherweis war do d’Moss, déi hie bestuet huet, d’Mamm, an den Typ, deen e liquidéiert hat, de Papp. Déi al Griichen haten e bësse méi Couillen, wann et drëm goung, hir Geschichten ze spannen. D’Heemecht, d’Monarchie an d’Famill wierken hei wéi een Triumvirat, ëm deem den Humor vum Film e bësse ronderëmkreest, wéi wa kee sech getraut hätt, ebe grad dës Valeuren op d’Schëpp ze huelen.

J wéi Juxair

Nom Film hunn an där Seance, wou ech leschte Samschde war, effektiv eng Rëtsch Leit geklappt. E bësse wéi fréier, wou d’Leit nach manner d’Gewunnecht haten, mam Fliger ze fléien an no der Landung an de Luxair-Fligeren ëmmer applaudéiert gouf – een Applaus, deen Ausdrock souwuel vun der Bewonnerung fir dem Pilot säin Talent, fir duerch d’Loft ze seegelen, ewéi och vun enger gewëssener Erliichterung, de Vol iwwerlieft ze hunn, war. Esou kënnt et engem dann och am Sall vir: Et ass een e bëssen erliichtert, d’Saach iwwerstanen ze hunn, och wann déi meescht wuel effektiv éierlech-naiv begeeschtert waren. Wat eis nees bei de Mannerwäertegkeetskomplex féiert.

H wéi Humor

Hei läit ee vun de gréissere Problemer vum Film: D’Dialoger sinn net just immens platt geschriwwen, oft ginn d’Versich, humorvoll ze sinn, einfach schif. Wann e Schrëftsteller wéi den Eric Chevillard der Meenung ass, dass Humor existéiert, fir eis géint d’Tragik vun der Existenz – dem Doud vun allem, der Sënnlosegkeet – z’equipéieren, da fält dat, wat de Superjhemp bitt, net wierklech an d’Kategorie Humor. Verdeedeger vum Film wäerte behaapten, Kritiker wéi ech hätten net d’Spill mat de Clichéë verstanen. Mee de Problem ass grad, dass laang net genuch mat de Clichéë gespillt gëtt an dass all Humorversuch politically correct bleift, well de Film jiddwerengem gefale wëll. Humor lieft dovunner, net politesch korrekt ze sinn.

E wéi evident

Raschteg ass net just de Charel Kuddel, mä déi ganz Filmsprooch. D’Ficellë vun der Erzielung kludderen iwwert den Zeenen an de Plot ass mat (bal) all sengen Twists esou liicht virauszegesinn, wéi d’Wahrsagerin ouni Problem dem iwwergewiichtegen Amerikaner Gesondheetsproblemer ka prophezeien.

M wéi misogyn

D’Fraefiguren am Film reie sech an dës stëbseg Ideologie an. Der Fabienne Hollwege hir Figur beschränkt sech dorop, dem Charel Kuddel op eng immens evident Aart den Haff ze maachen, si wëll eigentlech nëmmen, dass endlech een hir e Rank op hire Fanger setzt, huet och soss null Déift oder Charakter, ass reng Optik, soll pur Verféierung sinn. Och der Désirée Nosbusch hir gelangweilte Familljemamm, déi nees zeréck an de Journalismus wëll an do vun der Julie Kieffer hirer jalouser Rivalin an dem Tommy Schlesser sengem rëffege Patriarche-Patron kujenéiert gëtt, bleift immens platt.

 

P wéi Plotholes

Konsistent ass de Film leider och net, an et gëtt nawell eng ganz Rëtsch vun onlogesche Momenter am Film, sou dass ee sech froe kann, op d’Persoun, déi fir d’Kontinuitéit ugestallt gouf, net einfach iergendwann d’Handduch vun der Logik geworf huet. Wéi soss erkläert sech, dass de Kuddel eng Jhemp-Cave am Haus ageriicht huet, obschonns en dat Haus wuel eréischt mam Félicie Fleck ergattert huet, wéi en de Superjhemp-Kostüm längst un den Nol gehaangen huet? An dass déi Jhemp-Cave, déi hannert dem Wäikeller verstoppt ass, kengem opfällt? Weiderhin ass d’Aart a Weis, mat där dem Bouf seng Frëndin, d’Jill, aus dem Film verschwënnt – hatt kënnegt un, a Kanada zeréckzeplënneren, ouni dass virdrun erwäänt gouf, dass hatt Kanadierin ass, a wéi hatt et seet, ass och schonn de Plënnerwon virun der Dier – immens onglafwierdeg a wierkt, wéi wann d’Schauspillerin an der Mëtt vum Film einfach keng Loscht méi gehat hätt, nach mat dobäi ze sinn.

R wéi royalistesch

An dësem Abschnitt, souvill sief gesot, gi Plot-Detailer bekannt gemaach. Well engersäits awer souwisou jiddwereen d’Story no 5 Minutten duerchkuckt huet, anerersäits awer och bal d’ganzt Land de Film scho gesinn huet, ass dat net esou wëll. Komme mer also kuerz op d’Enn vum Film ze schwätzen: Iergendwann stellt sech eraus, dass den Avant-Premier Brettel a Wierklechkeet ee wäitleefege klengherzogleche Cousin ass, dee sech d’Kroun amplaz vum legitime Klengherzog-Nofolger Luc wëll opsetzen. Dee seet dann och, hie wier léiwer Monarch ewéi Avant-Premier, well een als Avant-Premier ëmmer just fënnef Joer un der Muecht ass. Dass de Jean-Claude Juncker dat beispillsweis e bësselche méi laang war an de Bettel déi Traditioun weiderféiert – de Lëtzebuerger ass ee Gewunnechtsdéier a reegt sech gäre jorelaang iwwert dat nämmlecht Gesiicht op –, schéngt hei keng Beuechtung ze fannen. Weider argumentéiert hien, et wier lästeg, sech vum Vollek musse wielen ze loossen. Iergendwou suggeréiert „Superjhemp Retörns“ also, als Klengherzog hätt ee méi Muecht ewéi als Avant-Premier. An d’Vollek, ugefouert vum Charel Kuddel, deen De Feierwon séngt, setzt sech fir d’Weiderféierung vun der monarchistescher Traditioun géint de Brettel an. Esouguer wann ee kee Fan vum B(r)ettel ass, freet ee sech do nawell iergendwann just, wat fir ee Kraut d’Bouwe wärend dem Schreiwe gefëmmt hunn.

E wéi houer Étrangeren

Auslänner gëtt et der am Film och net besonnesch vill. Bei engem Mikro-Trottoir seet ee schwaarze Matbierger just, de Superjhemp soll apaken, an déi zwou eenzeg franséisch Figure sinn zwee Vertrieder vu „Catteoui“, déi knaschteg laachen, well se vill Goss mat der Stroumconsommatioun vun de Lëtzebuerger maachen. Wärend se dreckeg laachen, kucke se natierlech dem Charel Kuddel senger Sekretärin gutt opfälleg an den Decolleté.

T wéi Taina

Am Superjhemp kommen natierlech eng sëlleche Cameo-Optrëtter vir. Esou gesäit een iergendwann dann och de Guy Daleiden, den Andy Bausch oder och de Serge Tonnar. Wisou awer, kuerz wärend enger vun den uergsten Nation-Branding-Zeenen, an där de Film seng Valeuren – Famill iwwer alles, d’Natioun verbënnt – plakativ duerstellt, am Public grad d’Taina Bofferding (LSAP) an den David Wagner (déi Lénk) stinn, kann ee sech duerchaus froen. Ideologesch hätt hei de Fernand Kartheiser besser gepasst. Oder eben d’Corinne Cahen, schliisslech geet et am Film haaptsächlech ëm d’Eenheet vun der Famill.

Ö wéi öh, Moment mol

Zwou Géigenargumentatioune kéint ech mer hei erwaarden. Et wäerten déijéineg ginn, déi mer soen, et wier dach „just ee Film“, wat vill iwwert d’aktuell Opfaassung vun deem, wat e Film oder soss ee kulturellt Produkt nach ausmaache kann. Et gëtt wuel och vergiess – ech wëll elo de Superjhemp net domat associéieren, mee just ee Versteesdemech dofir schafen, wéi an der Geschicht vun der Manipulatioun duerch Biller de Film oft eng wichteg Roll gespillt huet –, dass an totalitäre Regimmer Filmer oft e Propagandamëttel waren. Hei ass et éischter esou, dass de Superjhemp eng reaktionär identitär Ideologie, déi an der haiteger Loft gräifbar ass, an de Film abaut, well en domat vill Zuschauer ka lackelen, de Film dës Ideologie awer och „en retour“ an de Käpp vun de Leit zementéiert. E Blockbuster funktionéiert ëmmer, well en Ausdrock vun engem Trend, engem Zäitgeescht ass. Deen, dee vum Superjhemp agefaange gëtt, ass beonrouegend, raschteg an e bësse ranzeg.

R wéi risikolos

Anerersäits wäerten d’Leit mengen, dat wier dach alles net esou eescht gemengt an ech hätt de Film a senger parodescher Dimensioun einfach net geschnallt, well ech ze villes iwwerdenke géif. De Royalismus, de Patriotismus, de Branding, d’Plotholes: dat géif dach alles just op d’Schëpp geholl ginn. Do läit awer de Problem: dass, wann dat wierklech esou gewollt wier, sech de Regisseur am Toun vergraff huet, d’Parodie ebe grad dann net duerchschéngt, wann de Film seng ideologesch an neoliberal Momenter huet, d’Absurditéit vun der Geschicht net wierklech bis op d’Spëtzt gedriwwe gëtt. Esou handelt et sech heibäi em een immens amerikanesch-lëtzebuergesche Film, ee pure Produit. A bei engem Produit geet et drëms, esou vill wéi méiglech Leit unzeschwätzen. Dofir gëtt alles a jiddweree bedéngt. E bësse Patriotismus fir déi, déi sech patriotesch fillen, mä och e bëssen Humor, fir dass déijéineg, déi sech net esou patriotesch fillen, eben och menge kéinten, de Film wier ebe blouss eng Parodie vun enger Ode un d’Heemecht. Esou bleift de Film stänneg onentscheet, tëschent zwou Dieren, gëtt zu engem Wierk, wat potenziell jiddwerengem gefale kann.

N wéi Nation Branding

De Film ass zwar op Franséisch sous-titréiert, en ass awer wierklech just op de lëtzebuergesche Public gemënzt – a praktizéiert ënnert dem Deckmantel vun dem Pastiche eigentlech haaptsächlech monarcheschen Nation Branding. Dass da grad de Serge Tonnar am Film als Cameo opdaucht, ass iergendwéi verwonnerlech.

S wéi Sibon Pils

Schlëmmer wéi den Nation Branding ass awer ganz einfach de Branding, deen am Film bedriwwe gëtt. Dass déi verschidden typesch Lëtzebuerger Marken – Simon gëtt Sibon, Luxair Juxair – mat Hëllef vu Superjhemp-typesche Wuertspiller entstallt ginn, ass net weider problematesch, well et am Geescht vun der Bande dessinée bleift. Méi schwiereg ass, wann de Supermarché „Kaktus“ ageblennt gëtt, well an dësem nämlech – ewéi de Regisseur et vru kuerzem houfreg op Facebook gepost huet – effektiv Superjhemp-Kachkéis an aner Produite verkaf ginn. Esou entsteet ee Film, dee vun Ufank un op pure Marketing getrimmt ass. Fréier gouf no engem erfollegräiche Film d’Product-Placement-Trommel uerdentlech geréiert – loosse mer un d’gëllen Nues, déi sech de Lucas mat Star Wars gemaach huet, denken, hei huet een allerdéngs den Androck, dass dee ganze Film blouss Deel vun enger méi grousser (Luxlait-)Mëllechkou ass.