(Partially) sensational: D’Jeanne Added schléisst ee Concertsjoer am Atelier of

(Partially) sensational: D’Jeanne Added schléisst ee Concertsjoer am Atelier of
Danzbar a melancholesch: den Optrëtt vum Jeanne Added.

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Den Atelier schléisst säi Concertsjoer mat engem staarken Optrëtt of, deen heiansdo u Schwong verluer huet, mä duerch seng jazzeg Rave-Momenter an déi ganz exzellent Stëmm vum Jeanne Added de Sall bei Minustemperaturen un d’Schweesse bruecht
huet.

Wéi d’Jeanne Added e Sonndeg dem Atelier säi leschte Concert vum Joer ugefaangen huet, huet si als éischt emol d’Luuchten, déi kuerz virdrun ausgaange waren – ee Pavlov-Reflex fir den Zuschauer, deen esou weess, dass d’Show ugeet – nees undréine gelooss an ass op der Bühn op- an ofgaangen, fir sech den (iwwersiichtleche) Public méi genee unzekucken, e bëssen, ewéi wa si hätt wéilten evaluéieren, wéi grouss d’Erausfuerderung den Owend géif ginn – e bëssen och wéi een am Café d’Persoun um Comptoir, déi een uschwätze wëll, fir d’éischt mat Bléckkontakter préift.

Laang huet d’Sängerin, ënnerstëtzt vum Narumi Hérisson, dem Audrey Henry (allebéid Synthies, Backing Vocals) an dem Emiliano Turi (Batterie), net gebraucht, fir de Public op dem verschneite Sonndeg opzewiermen: No den zwee méi rouegen Opener «Remake» an «Harmless» koum mat «Radiate» (vum neien eponymen Album) an «It» (vum éischten Album «Be Sensational») de Concert esou lues un d’Rullen.

Wou déi zwee éischt Tracks mat hirer méi minimalistescher Instrumentéierung gewierkt hunn, wéi wa se éischter ee Virwand wären, fir der Sängerin hir wonnerbar Stëmm an d’Vitrine ze stellen – dat konnt een am Verlaf vum Concert nach e puermol iwwerpréiwen – a par Rapport zu de Placken elo kee wierkleche Mehrwert haten, koum géint der Enn vu «Radiate» eng Stëmmung op, déi un eng jazzeg Rave-Party erënnert huet (falls et dat da soll ginn): d’Synthies sinn ëmmer méi donkel, käreg, schwéier ginn, se hu geklongen, wéi wann se sech all Moment géifen am Kaméidi opléisen, d’Jeanne Added huet iergendwann och (bal wéi eng Black-Metal-Sängerin) kuerz an de Mikro gebläert an uerdentlech gedanzt.
Duerno huet «It», wat och op engem Peaches-Concert gutt komm wier, d’Stëmmung weider an d’elektronesch Party gedriwwen, driwwer huet sech ëmmer nees déi frech Eleganz vun der Sängerin hirer Stëmm – tëschent kalem Spriechgesang a waarmer Verféierung – geluecht.

Iwwerhaapt ass et der Sängerin gelongen, deen um Ufank liicht steiwe Publikum – wéi wann d’Kierperdeeler nach hallef gefruer wieren a se lues a lues missten opdeeën – ëmmer méi an eng elektronesch Trance ze versetzen, wat am beschte fonktionéiert huet bei Songs ewéi «A War Is Coming», deen am Verglach zur Studioversioun mat Batterie, zousätzlecher Perkussioun a Synthies, déi esou déif geklongen hunn, dass se engem bal duerch Muerch a Schank gaange sinn, dohirkoum.
D’Mëschung tëschent Peaches, Austra an enger manner melodramatescher Versioun vun IamX (déi an der Zäit och mol oft am Atelier waren, zënter gefillten zeng Joer leider net méi) klappt, well d’Jeanne Added dem Virworf vun der banaler Kopie entweder mat besonnesch interessante Gesangsmelodien oder der ganz eegener Réappropriatioun vun eben dësen Aflëss entgéintwierkt.
Den offiziellen Deel vum Concert hält mat enger besonnesch danzbarer Versioun vu «Before the Sun» op, beim Encore gëtt et als éischt eemol e puer akustesch Tracks, während deenen d’Sängerin eleng op der Bühn steet, bis d’Band bei «Song 1-2» nees dozoustéisst an d’Publikum mat «Suddenly» entlooss gëtt. Wéi d’Sängerin an hir Matmuseker dunn no vir koume, fir Merci ze soen, hunn d’Zuschauer d’Backing Vocals vu «Suddenly» agestëmmt – an d’Jeanne Added huet a cappella de Chorus vum Lidd matgesong. Ee relativ touchanten, authenteschen Ofschloss – fir den Owend, mä och fir d’Concertsjoer.