Headlines

Mehrere Super-Staus bremsten den Verkehr auf den Luxemburger Autobahnen aus

Mehrere Super-Staus bremsten den Verkehr auf den Luxemburger Autobahnen aus

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Mittwoch, der 13. ist kein Glückstag für die Autofahrer in Luxemburg: Auf praktisch allen Autobahnen bildeten sich am Morgen kilometerlange Staus.

So verursachte ein Unfall auf der Düdelinger A3 in Richtung Stadt zwischen dem Gaspericher Kreuz und dem Kreisel Gluck einen mehr als 10 Kilometer langen Stau, der sich auch auf die A1 aus Richtung Trier auswirkte: Hier ging gegen 8 Uhr auf mehr als 12 Kilometern Länge nur noch wenig.

Auch auf der A6 am Zessinger Kreuzn krachte es: Dem Verkehrsdienst von Google zufolge reichte der entstandene Stau zurück bis nach Arlon. In Belgien war der öffentliche Transport durch den Generalstreik heute ohnehin stark behindert.

Auch die A4 war davon betroffen: Hier war auch noch ein Fahrzeug bei Steinbrücken liegen geblieben. Um 8 Uhr reichte der Stau praktisch von Esch/Alzette bis zum Kreuz Zessingen – ebenfalls über mehr als 12 Kilometer.

KTG
14. Februar 2019 - 13.11

Sou eidel fannen ech déi meeschte Velospisten net... an d'Vel'ohohoh-Statioune ginn nawell och uerg benotzt, soen ech als een deen eng virun der Hausdier huet, an dat nawell och nach net grad am Zentrum.

KTG
14. Februar 2019 - 13.09

Och erof op Hesper, Dummeldeng an eriwwer op Sandweiler si gigantesch Penten. a) Ass et do net sou déck gebaut, datt een en Tunnel bréicht (siehe aner Stied) b) Ass och do d'Pente enorm. Fir erof op Dummeldeng ass eng Saach, fir erof op Hesper ass et nach eng aner. Weder den Houwald op der enger nach op der anerer Säit erof ass do richteg sënnvoll. Op d'mannst fir en Tunnel wier dat eng Risentoperei, an ouni Tunnel kann een och gläich en Tram dohipraffen. Datt d'A7 an de Mangel u P&R Brach sinn, dat ass kloer. Do hätt grad de Betons-Robert missen eppes verstoen, awer net alleng hien. Ech géif mer wënschen, datt déi Chantercher sou schnell wéi méiglech ufänken, och wann dann d'Stad 2-3 Joer eng Katastroph ass. Zu Glasgow a Moskau: kann ech net kommentéieren, well nach ni en Personne gesinn. Allerdéngs d'5/6-Équipe huet ëmmer erëm Beispiller gewise wéi de Metro, dee si sech virgestallt hunn, matten duerch d'Stad geet. Wéi dat mat Péitruss-/Uelzechtdall (-40/50 Meter Héicht) goe soll, ouni d'Maueer vun der Festung mussen ze duerchbriechen, hu se eis ni gesot. Archeologesch gesi souwisou e Cauchemar.

Cornichon
14. Februar 2019 - 9.24

Dann sollen se d'Administratiounen mol op Hesper, Dommeldeng, Bartréng an Sandweiler setzen, dann kann de Metro och méi wäit fueren tescht de Statiounen. An dann sollen se op de Grenzen mol rieseg P+R'en bauen mat Ubindung un Schwebebunnen déi an der Mett vun der Autobunn fueren. An nach eppes: Ech wärt an 2 Joer och mam Velo duerch d'Staat fuere, mee ech wärt secher net op der Strooss fueren, ech sinn net liewensmidd.

Cornichon
14. Februar 2019 - 9.11

Emmer rem witzeg wéi eis räisch Matbierger déi no bei oder an der Staat wunnen déi aner Leit dozou animéieren fir de Velo ze huelen.

Pier
14. Februar 2019 - 9.02

Gaeren geng ech op den ÖT emsteigen. Wann ech de Bus huelen muss ech 3 mol emsteigen an brauch mueres an owes jeweils annerhallef Stonn, 3 Stonnen - mam Auto brauch ech selten mei wie eng Stonn. Den Zug wär och eng Meiglechkeet mä dann muss ech bis op die next Gare fueren. Leider get et do nemmen e puer Parkplaatzen die schons mueres um 1/2 7 beluecht sinn. Op aner Garen muss en de Parking bezuelen an net ze knapp oder Parkzeit ass op 5 Stonnen begrenzt. Mei blöd geet et net, Wann den zustaennige Minister esouvill Energie an Opfangparkingen wie an Luten afsehen gestach hät, kennt ech vleicht den Zug huelen.

Yosh
14. Februar 2019 - 8.58

Ok et gin zwar och Bsp wéi Glasgow wou d'Metro ennert de Banlieue fiirt a praktesch guer net rondrem fiir de Stadtkär selwer ze gebrauchen as. Budapest an Moskau fueren Metroen ennert Fless, fiirt een dann awer well e puer Minute mat Rolltrape bis een an e Metro klemmt. Zu Letzebuerg schénkt e roude Göbbels d'Mescht produzéiert ze hun, och haut huet en nach net bekäppt, dass mer groussräimeg Linnen mam öffentlechen Transport brauchen. Alleng schon dee Brach mat der A7 an B7(!)... Hätt een an den 80/90er direkt iwwerall separat (Trolley)Bus oder Trams Linnen op all Haptachs gesat, oder zumindest sou eppes am Hannerkapp gehat, Stechpunkt Erweiderbarkeet an Maintenance, wat all Ingenieur/ITler mat aplange muss oder sech wéinsdens Gedanke driwer mache muss.

KTG
14. Februar 2019 - 6.33

De Metro... eng Fuerderung vun der 5/6-Rumpeltrupp a Leit déi vu Geographie, Geologie an der Realitéit vun de Stied Lëtzebuerg, Paräis a London keng Ahnung hunn. Vu Leit déi mol eng Kéier zu Paräis oder London waren, an do 7 Statioune gefuer sinn an eemol op Les Halles ëmgestige sinn. * Fir datt eng Metro sech rentéiert, brauch ee genuch Distanz tëschent de Statiounen. Zu Paräis sinn dat 300-400 Meter, zu London schwätze mer do éischter vu 500-1300+ Meter, grad en banlieue. Do si mer zu Lëtzebuerg direkt aus der Stad eraus an da mécht en Tunnel scho guer kee Sënn méi. Och d'Metro zu Paräis an zu London sinn net permanent ënnert dem Buedem, net mol am Zentrum. * Och zu Paräis baue se well fläisseg en Tram, virun allem an der Banlieue. Do hate se näämlech och scho viru vill Joeren een an hunn e genee wéi zu Lëtzebuerg ofgerappt. E Metro wier do onrentabel, alleng scho well net genuch Leit op engem Koup wunnen. Ahjo, an zu Paräis hu se eng 800 oder méi Buslinnien, och riicht duerch den Zentrum. * D'Bevëlkerungsdicht an der Stad Lëtzebuerg ass vill ze niddereg. 20700 pro qkm zu Paräis, 5600 zu London, 2200 zu Lëtzebuerg. Interessanterweis sinn d'Statiounen zu London duebel sou wäit ausenaner wéi zu Paräis. * D'Stad ass net um flache Land gebaut ginn, et geet erop an erof an d'Diskussioune mat dem Fiels ënnert eisem Land ware scho fir d'Nordstreck an d'A13 e Cauchemar. Fir an der Stad selwer misste mer en plus d'Festungsmaueren entweder duerchbrieche fir e Metro ganz ënnerierdesch ze hunn oder e misst op ronn 60-80 Meter Déift fueren. Dat hu se mol knapp zu London gepackt a wier finanzielle Wahnsinn. Wéi de J.C.KEMP si mer gréisstendeels selwer schold. Mer haten eng Regierung während Joerzéngten déi nëmmen op den Auto gesat huet, e puer Busspuere fabrizéiert huet an den Zuch knapps um Liewen hale konnt. Mer kënnen net richteg mam Auto fueren (wéivill Leit fueren duerch Rout op de grousse Kräizungen?). D'Vitesse op eisen Autobunnen ass generell ze héich. De Contournement ass fir mat 70 ze fueren tëschent 6:30 muerges an 7:00 owes. De Rescht vun der Zäit 110. Da gëtt et och scho manner Stau well manner muss gebremst ginn an et gëtt manner Akzidenter well verschidde Schlofpëllen a Raser dat dommerweis vergiessen an Akzidenter bauen.

KTG
14. Februar 2019 - 6.12

Wat hu Radare mam Stau ze dinn? De "Bonsens" ass amgaangen um Internet Nonsens ze schreiwen!

KTG
14. Februar 2019 - 6.11

Déi 50 Joer waren net nëmme gefillt. Do gouf en Effet nix gemaach. Déi eenzeg Aktioun, un déi ech mech erënnere kéint ass datt se joerelaang driwwer gequaselt hunn, datt d'Nordstreck lo endlech iwwerall Catenaire hätt. Dono dann och nach d'Erweiderung vun der Péitenger Streck, mä dat war réischt ganz spéit.

Jemp
13. Februar 2019 - 20.13

Bei engem Verkéiersminister, den nemme Velospiste baut wou kee fiert, den Zuchréseau bis zum Zesummebroch ausreizt, d'Land voller eidel Busse pléischtert a sech stur weigert an de Stroosseréseau ze investéieren, ass de Verkéiersinfarkt eng doudsecher Konsequenz. Do helleft och en Tram näischt.

Yosh
13. Februar 2019 - 18.02

Dat as lo schon, souguer an Eislecke Käff zum Deel.

Yosh
13. Februar 2019 - 18.00

Brauche mol keng Schwebebahn. Autobunn entweihen, Busspuer op all Säit. Fiirt een souwisou néirens roueg 120-130km/h méi außer Richtung Däitschland jeweils 10km. Kierchbierg war och mol eng Autobunn, dofiir hep virun!

Nomi
13. Februar 2019 - 18.00

Richteg : Wann mer mei' Traffikdensitei't krei'en gett et nemmen eng Lei'sung, Ob verschidden Niveau'en den Traffik verdeelen. En Metro wir dofir eng besser an nohalteg Lei'sung wei' den TRAM, ausser vlaicht um Kierchbierg, well do d'Avenue ganz breed ass ! Mir kennten och d'A3 ob 2 Niveau'en bau'en. Ennen Kamion an Camionetten an Bus, an uewen Auto. Domadder geifen mer keen neien Buedem Versigelen !

J.C.KEMP
13. Februar 2019 - 16.58

Den Zuchréseau ass iwwerlaascht, well eng gefillte 50 Joër näischt investéiert gouf, keng Previsioune gemach goufen an de Service reduzéiert gouf.

J.C.KEMP
13. Februar 2019 - 16.53

Letzebuerg ass KENG grouss Stad, just en iwwerdimensionnéiert Kouduerf. Vill vun onsem Stau ass hausgemacht, duerch schlecht Regele vum CdlR (Rietsvirfahrte vun Ausfallstroossen), schlecht Koordinatioun vu Verkéiersluuten, fehlend Disziplin op Kräizungen an haaptsächlech zevill enk Planungen. Wann e virun 15 Joër schon en 1000000-Staat virausseet baut e keng 2-spuereg nei Autobunnen an et konzentréiert en och net onnéidegerweis bal all Aarbechtsplaazen op e puer Hektar,

roger wohlfart
13. Februar 2019 - 14.52

Wirklich auffällig und komisch. Was im Ausland möglich ist, scheint bei uns auf 2.800 km2 undenkbar zu sein. Einfach unfassbar!

Mannes Marcel
13. Februar 2019 - 13.05

Metro oder Schweebebunn bauen vun all den Grenzpunkten (Frankreich, Belge an Deitschland) mat P+R vir d'Leit opzefaenken an moies an owes zu den Stouszeiten all 5 min een Metro an Stadt fueren loosen, an zwar ouni Ausfall!! (wei bei der Bunn) Dir Haeren Politiker, wann der lo d'Plaeng maat vir sou een Projet dan sit der an freistens 10 Joer faerdeg domat, dovir net mei warden an endlech erwechen an handelen. Bus Tram an Zuch sin einfach d'Leisung net hei am Land wini begreift dir dat???? An all grous Stadt fonktioneirt een Metro, just net zu Letzebuerg virwat (ass Lobby do ze staark geint een Metro?), an soot lo net rem dat vir technesch net meiglech hei am Land!!!!! Ech hun selwer an grouss Stiedt geliewt respektiv war als Tourist do, an hun mech emmer mam Metro beweegt wan ech kont, do brauch een dan keen Auto mei vir sech fortzebewegen sierf et vir op d'Arbecht oder an der Freizeit!!!!

Yosh
13. Februar 2019 - 12.35

Den Zuchréseau as och komplett iwwerlaascht, zumindest as d'CFL iwwerfuerdert...

roger wohlfart
13. Februar 2019 - 12.03

Mat dem Velo? Liewensgeféierlech! Schwätzen aus eegener Erfahrung.

Nomi
13. Februar 2019 - 11.57

Dach, dann haetten mer Velo-Stau !

Bonsens
13. Februar 2019 - 11.25

Geschwen fuere mer aus dem Garage an schons stin mer am Stau. Den Herr Bausch kann fier Milliuenen Radare stellen, dann fiert ké méi. Hien och net.

Jek Hyde
13. Februar 2019 - 10.26

Schlëmm ... Wan endlech jidvereen dem Här Bausch géif follechen a sech mam Velo oder Ö.T. fortbewegen dann hätte mer kee Stau méi.

roger wohlfart
13. Februar 2019 - 9.43

Auf Luxemburgs Strassen ist bald kein Weiterkommen mehr. So hat auf der Nationalstrasse Luxemburg-Mersch durchs Alzettetal trotz der Nordstrasse der Verkehr wieder erheblich zugenommen. Wenn jetzt die Baustelle an der Place Dargent in Eich, einem Knotenpunk par excellence, Wirklichkeit wird, läuft gar nichts mehr.

Le Républicain
13. Februar 2019 - 8.57

Die Staus sind nur der Anfang des Endes des normalen Straßenverkehrs auf unseren Autobahnen, es kann nur noch schlimmer werden, bis einfach in den Stoßzeiten der ganze Verkehr erlahmen wird; von der Grenze bis zur Stadteinfahrt; erst dann wird die Regierung etwas unternehmen müssen....