D’Villfalt vum Kaméidi: Eng haart Woch fir Fans vu Metal- a Posthardcore

D’Villfalt vum Kaméidi: Eng haart Woch fir Fans vu Metal- a Posthardcore
Fjørt spille melodesche Posthardcore mat däitschen Texter. Foto: Fabrizio Pizzolante

Jetzt weiterlesen! !

Für 0,59 € können Sie diesen Artikel erwerben.

Sie sind bereits Kunde?

Déi lescht Deeg koumen d’Vertrieder vu méi haarde Kläng op hir Käschten: Méindes gouf et Metalcore an der Luxexpo The Box, dënschdes däitsche Posthardcore an de Rotondes an en Donneschde klassesche Stoner an der Kufa. Wisou Kaméidi awer net ëmmer (just) Kaméidi ass, liest Dir an eiser Concerts-Analyse.

De Fan vu méi haarde Kläng gouf dës Woch nawell zimlech verwinnt, well direkt dräi grouss Vertrieder aus de Genres Stoner-Rock (Monster Magnet), Metal-Core (Architects) a Posthardcore (Fjørt) op de lëtzebuergesche Bühnen opgetruede sinn.

Fir déijéineg, déi dëser méi haarder Musek wéineg ofgewanne kënnen, hunn dës Bezeechnunge wuel esou wéineg Bedeitung wéi d’Texter, déi an dëse Genren oft esou gebläert ginn, dass een net richteg weess, op de Sänger, wann een en dann esou nenne kann, elo seng Akafslëscht vum Dag duerno, Poesiebänn vum Mallarmé oder säin Haass op d’Mënschheet an de Mikro katzt.

Wann een da bedenkt, dass dëst just e Brochdeel vun de Sous-Genren, déi een an der haarder Musek fënnt, erëmspigelt an dass et och do Lagere ginn – esou ass beispillsweis ee richtege Metalhead oft guer net begeeschtert vum Posthardcore, deen eigentlech dem Punk entspréngt –, mierkt een, dass Kaméidi net ëmmer Kaméidi ass. Dass et ënnerschiddlech Forme ginn, fir d’Téin dohinzeblären, ënnerschiddlech Manéiere ginn, fir séier a schnell op der Gittar ze fréckelen, ënnerschiddlech Méiglechkeeten, fir op der Batterie ze knëppelen.
Esou verbënnt zum Beispill op éischt Siicht d’Architects relativ vill mat Fjørt, well se allebéid schnell, haart Rhythme mat Gejäiz an engem Gespier fir Melodie verbannen – an awer kéinten déi zwou Gruppen eigentlech net méi verschidde sinn, well d’Architects konsensfäegen, relativ brave Metalcore maachen, deen d’Schemata vum Genre bedéngt an deen trotz dem Kaméidi an der rezenter traumatescher Vergaangenheet vun der Band eigentlech ouni Ecken a Kante dohierkënnt, do wou Fjørt op eng wierklech authentesch Aart hir Roserei textlech verschaffen a musikalesch mat wonnerbare Gittareleef verbannen.

Zënter datt hire Gittarist virun e bësse méi wéi zwee Joer no engem Concert, deen aus Gesondheetsgrënn ofgesot gouf, hei zu Lëtzebuerg an d’Spidol ageliwwert gouf, vu wou aus en dann zréck an England mam Eurostar gefuer (an dee Moment de Rettungshelikopter annuléiert huet) a kuerz dorop gestuerwen ass, hunn d’Architects een emotionale Lien mat Lëtzebuerg (wann ee bedenkt, dass de Brian Molko vu Placebo och net immens gären u seng Jugend am Grand-Duché zréckdenkt, kéint een iergendwann eng Geschicht vun den traumatesche Kniet, déi fir Museker hei zu Lëtzebuerg entstinn, schreiwen).

An der Luxexpo The Box – fréier hunn d’Leit dat d’Foireshale genannt – hu se deem kuerz a knapp um Enn vun engem Concert, deen zolidd, awer ouni Iwwerraschungen ausgefall ass, gewierdegt. Et muss een natierlech soen, dass d’Foires-Këscht weder fir en immens intime Kader nach fir ee gudde Klang suergt (wann een zu Wuertwitzer opgeluecht wier, géif ee soen, d’Architektur vun der Hal wier schold.)

Ganz anescht de Kader, dee Fjørt an hir bal genee esou iwwerzeegend Virband The Tidal Sleep den Dag drop haten: An dem klenge Sall vun de Rotondes, deen duerch eng Rideau nach eemol verklengert gouf, war d’Bühn zwar ganz uerdentlech vollgestallt mat Beliichtungs-Equipement an den Instrumenter vun den zwou Gruppen – an nawell war de Kader méi intim, de Klang och vill méi geschlaff, méi präzis, wat bei den ënnerschiddleche Gréisste vun de Säll normal ass.

Trauma-Veraarbechtung

Et muss een awer och soen, dass d’Architects op hirem neien Album „Holy Hell“, vun deem se aacht Lidder gespillt hunn an deen deemno d’Hallschent vun hirem Set ausgemaach huet, op eng zwar effizient Aart immens geschlaffenen, melodesche Metalcore praktizéieren, dësen awer net wierklech wéideet – wat besonnesch schued ass, wann ee bedenkt, dass et op der leschter Plack ëm Trauma-Veraarbechtung geet. Eng Band wéi Caspian, déi och viru kuerzem ee Bandmember verluer huet, huet dat op hirem leschten Album „Dust and Disquiet“ méi ergräifend verschafft.

Am Laf vun de 17 gespillte Lidder vermëscht sech esou alles zu engem homogene Concert, wou jiddwereen natierlech seng Highlights erëmfënnt (déi wierklech gelonge Momenter vum neien Album wéi den Opener „Death Is Not Defeat“, „Royal Beggars“ oder „Hereafter“, de méi fréie Klassiker „These Colours Don’t Run“, d’Briechstaange „Gravedigger“ oder „Naysayer“), mä wou awer och alles zimlech d’nämmlecht kléngt.

Dass dat genee esou vill um Genre u sech leie kéint – deen no klore stilistesche Strukture funktionéiert – wéi och um Klang, deen d’Gittaren ze oft an den Hannergrond dréckt, sief dohigestallt. Hei muss een ervirhiewen, dass eng ähnlech Redundanz bei Fjørt nëmme ganz seelen empfonnt konnt ginn, well d’Musek einfach méi variabel ass – an dat, obwuel déi zwee Sänger quasi ni sangen, mä just blären oder d’Texter wéi ee rosene Poet opsoen.
Dat kënnt doduercher, dass Fjørt einfach spannend Songstrukturen hunn, sief et, well d’Songs duerch immens Riffs, Rhythmen a Strukturen („Südwärts“) markéiert ginn, well Elementer wéi Postrock-Gittaren (am schéine „Windschief“) oder Keyboards („Colour“) d’Lidder aus der Monotonie zéien oder einfach, well hire méi direkten Posthardcore mat politesch engagéierten Texter („Paroli“) einfach gutt funktionéiert – et vergësst ee bei all deem Kaméidi bal, wann een et net zu all Moment op der Bühn géif gesinn, dass hei just dräi jonk Typpen op der Bühn stinn, déi reegelméisseg gecksen, well se grad net méi wëssen, wéi ee Wochendag mer schreiwen (a wat ee méi laang an hir Musek andaucht, wat et engem effektiv méi egal ass, dass et eréischt Dënschdes ass an een den Dag drop schaffe soll goen).

Fjørt kléngt e bëssen, wann een et sech da liicht wéilt maachen, wéi d’Kand vun Turbostaat (fir d’däitsch Texter, déi liicht schif Musek) a La Dispute (de Gesang an d’Melodieverléiftheet vun de Gittaren) – an Escapado wier an där Metapher deen e bësse méi ale Cousin. D’Texter si vläicht, wéi och bei Turbostaat, net wahnsinneg subtil, mä se sinn effizient, de Sänger huet eppes ze zielen, probéiert net, a Pseudo-Versform dann awer keng Poesie ze maachen an déi narrativ Dimensioun, kombinéiert mat eppes, wat een Authentizitéit nenne muss a wat sech an der Aart, wéi d’Wierder onpathetesch, mä emotional eriwwerbruecht ginn, erëmspigelt, féiert dozou, dass d’Texter dat Ergräifend vun der Musek gutt illustréieren.

Wou sech d’Organisateure vum Atelier (déi hei zweemol an aner Säll agelueden haten) awer definitiv net mat Rum bekleckert hunn, ass de Catering: 18 Minutten nom Ufank vum Concert vun den Architects goung de Béier aus – ee Combel fir ee Metalcore-Concert, deen haaptsächlech vu bäertege Männer mat grousse Béierbecheren an hiren zolitten Hänn besicht gouf.

D’Equipe vum Bar konnt du just nach Cola oder Waasser ubidden – mat engem Whisky hätt een d’Fans jo eventuell nach vertréischt kritt, mä och däers gouf et keen – wouropshin déi meescht einfach de Comptoir ongleeweg verlooss hunn.

Anscheinend, esou d’Bar-Team, wier net mat esou vill Leit gerechent ginn. D’Equipe vum Atelier steet allerdéngs net an de Kannerschong, wann et ëm d’Organisatioun vu Concerte geet – esou gouf et eng Lose-Lose-Situatioun fir den Organisateur (dee manner Sue gemaach huet, well kaum ee Waasser oder Cola drénke wollt) a fir de Besicher, deen den duerchaus uerdentleche Concert net mat engem gielen, spruddelege Gedrénks begleede konnt.